Olivier Schroeder
Idade: 20
Profissão: Student
🇱🇺

Den Olivier huet 20 Joer. Hie wunnt zu Ouljen a bereet sech grad op den Premièresexamen vun der Première Générale, Sektioun Ingenierie, am Lënster Lycée vir.

Hien interesséiert sech fir Wëssenschaft an huet d’lëscht Joer mat senger Klass de lëtzebuergeschen „CanSat“ Concours gewonnen. Seng Equippe „Lënster Space FalCan“ huet de beschte Mini-Satelitt entwéckelt. Si konnte Lëtzebuerg am europäeschen „CanSat“ Concours zu Bologna representéieren. 

Hien ass och Member an der Spezialunitéit Dronen vum CGDIS.

De Klimaschutz ass DÉI Prioritéit fir den Olivier. Hie well sech engagéieren fir dass d’Gemeng konkret Léisungen um individuellen an gemeinschaftlechen Niveau entwéckelt. Hien ass der Meenung, dass de Klimaschutz just geplangt an a Kombinatioun mat sozialer Gerechtegkeet kann ëmgesat ginn. Dëst gräift nei
an alternativ Transportméiglechkeeten an d’exponentiell Expansioun vun erneierbaren Energien mat an. 

 Donieft, well den Olivier sech asetzen fir, dass déi Jonk net vun der Politik vergiess ginn. Zum Beispill fuerdert hien am Kontext vun der Logementskris eng Evolutioun am PAG, ënnert anerem a Bezuch op d’Populatiounsverdichtung an engem besseren Amenagement vun den Duerfkären. Hie fuerdert, dass an eiser Gemeng Raim fir Tiny Houses geschaaft ginn, fir deene Jonken eng Alternativ unzebidden. 

🇫🇷

Olivier a 20 ans. Il vit à Olingen et il se prépare à passer le diplôme de l’enseignement secondaire générale, section ingénierie, au Lycée de Junglinster. 

Il s‘intéresse aux sciences et a remporté l‘année dernière avec sa classe le concours „CanSat Luxembourg“. Son équipe « Lënster Space FalCan » a mis au point le meilleur mini-satellite, ce qui leur a permis de représenter le Luxembourg au concours CanSat européen à Bologne.

Il est également pompier volontaire au sein du groupe d‘intervention spécialisé des drônes du CGDIS.

 La protection du climat est LA grande priorité pour Olivier. Il veut s’engager pour que la commune développe des solutions concrètes au niveau communautaire et/ou individuel. Il est d‘avis que la transition climatique doit être planifiée et mise en œuvre de manière socialement juste.
Cela inclut de nouvelles options de transport alternatives et l‘expansion exponentielle des énergies renouvelables. 

Par ailleurs, Olivier milite pour que les jeunes ne soient pas oubliés des politiques publiques. Par exemple, dans le contexte de la crise du logement, il plaide pour une évolution du PAG, notamment au niveau de la densité des constructions et un meilleur agencement des noyaux villageois. Il souhaite que des espaces pour les Tiny Houses soient implantés dans la commune, pour permettre des alternatives pour les jeunes.