Reinhold (Holdy) Dahlem
Idade: 74
Profissão: Pensionéiert
🇱🇺

De Reinhold Dahlem, och bekannt ënnert dem Numm Holdy, ass 1948 zu Langsur an Däitschland gebuer a wunnt zënter 1968 an eiser Gemeng. Den Holdy huet sech 1972 mam Triny bestuet. Si hunn ee Jong a sinn haut glécklech Grousseltere vun zwee Enkelkanner.

Den Holdy huet fir d’éischt bei enger Transportfirma als Mecanicien geschafft an ass 1986 vun der Gemeng Betzder agestallt ginn. Hien huet fir d’éischt als Handwierker fir Gefierer, Maschinnen a fir d’Waasserversuergung geschafft. Duerno war den Holdy bis hien d’Pensioun geholl huet responsabel fir d’Schoulen a Gemengegebaier.

Den Holdy war (a bleift) ee begeeschterte Scout a Pompjee. Hie war Pompjeeskommandant vu Menster bis 2011.

Den Holdy ass zënter laangem an der Politik engagéiert. 2011 ass hie fir d’éischt an de Gemengerot gewielt ginn. Fir déi éischt dräi Joer vun dëser Majoritéit (2017 bis 2020) war hie Schäffen fir duerno nees Gemengeconseiller ze ginn, wéi et am Koalitiounsaccord virgesi war. Den Holdy ass Member a verschiddenen interkommunale Syndikater wéi dem Sidere, dem Altersheem zu Gréiwemaacher an am CIGR vu Sandweiler, wou hien och Vize-President ass.

Den Holdy wëll sech weiderhin an der Gemeng Betzder engagéieren a säi Wësse wat en déi lescht Jore gewonnen huet u seng Kolleg:inne weiderginn.

🇫🇷

Reinhold Dahlem, également connu sous le nom de Holdy, est né en 1948 à Langsur, en Allemagne, et vit dans notre commune depuis 1968. Holdy a épousé Triny en 1972. Ils ont un fils et sont aujourd‘hui les heureux grands-parents de deux petits-enfants.

Holdy a d’abord travaillé comme mécanicien dans une entreprise de transport, puis a été engagé par la commune de Betzdorf, en 1986, en tant qu‘artisan pour les véhicules, les machines et pour le service de l’eau. Plus tard, Holdy est devenu le responsable des écoles et des bâtiments communaux, jusqu’à sa retraite.

Holdy a été (et reste) un scout et un pompier passionné. Il a été commandant des pompiers de Mensdorf jusqu‘en 2011.

Holdy est engagé depuis longtemps dans la politique. En 2011, il a été élu pour la première fois au Conseil communal. Réélu en 2017, il devient échevin, pendant 3 ans, avant de redevenir Conseiller communal, comme le prévoyait l’accord de coalition. Il siège dans différents syndicats intercommunaux comme le Sidere, la maison de retraite de Grevenmacher, au comité des seniors, ainsi qu‘au CIGR de Sandweiler, où il occupe le poste de Vice-président.

Holdy souhaite continuer à s‘engager dans la commune de Betzdorf et transmettre à ses collègues toutes les connaissances qu‘il a acquises au cours de toutes ces années au service de la commune.