QP n°1346 – Gläichstellung am Sport

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit an un den Här Sportminister weiderzeleeden. Trotz ville Fortschrëtter am Beräich vun der Chancëgläichheet sinn d’Diskrepanzen am Sport besonnesch sichtbar. Frae gi manner oft vu Veräiner agestallt. Den Zuele vum STATEC no maachen d’Frae just 16 % vun de bezuelten Traineren a 15% vun de bezuelte Sportler aus. Och am aktive Veräinsliewe sinn d’Frae mat 36 % vun den aktive Memberen ënnerrepresentéiert. Am Fussball si just 9 % vun den aktive Membere Fraen.
De Code du Travail gesäit vir, dass den Employeur Fraen a Männer de selwechte Loun fir déi selwecht
Aarbecht ausbezilt. Nom Art. 15 vun der Verfassung setzt de Staat sech aktiv fir d’Eliminatioun vun den
Hindernisser an, déi am Beräich vun der Gläichheet tëschent Fraen a Männer kënne bestoen. Dëse
Verfassungsprinzip steet iwwert der Autonomie vum Lëtzebuerger Sport.

An deem Zesummenhang wëll ech dës Froe stellen:
– Mat Bléck op d’Absicht vun der Regierung, d’Ongläichheeten tëschent de Geschlechter ze
behiewen, wéi wëll d’Regierung d’Federatiounen encouragéieren, fir d’Diskrepanzen am Sport
ze bekämpfen?
– Wéi steet d’Regierung zur Optioun, d’Subsiden am Sport un Egalitéitskrittären ze knäppen?
– Wéi eng Programmer wëll d’Regierung op d’Bee setzen, fir d’Gläichstellung am Sport ze
ënnerstëtzen?
– Wéini ass an deem Hibléck mat der Strategie ze rechnen, déi schonn vum Här Sportminister
ugekënnegt gouf?

Mat déiwem Respekt,

 

Taina Bofferding – Député

Facebook
Twitter