QP n°1365 – Archeologesch Entdeckung zu Mamer

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro
un den Här Kulturminister weiderzeleeden. Bei Ausgruewungen zu Mamer ass eng weider intressant Découverte aus der Réimerzäit gemaach ginn;
des Kéier handelt et sech ëm Këschte voller Kiischtekären, déi 2000 Joer al sin, an déi d’Archeologe virun e Rätsel stellen. Doriwwer eraus gouf eng Decouverte gemaach, déi fir d’Wëssenschaft besonnesch wichteg ass: eng Zort Pëtzen, déi matenee verbonne sinn. Dës Pëtze goufe fir eng handwierklech
Aktivitéit genotzt, wou an der Groussregioun fir d’réimesch Zäit nach keng Vergläicher fonnt gi sinn. Doduerch, datt et op der Plaz esou naass ass, ass um Site och aussergewéinlech vill Organik erhale bliwwen, notamment iwwer 700 Schongfragmenter aus der réimescher Zäit. Dëse Site zu Mamer ass fir Archeologen deemno aussergewéinlech interessant a wäertvoll.

An deem Kontext wéilt ech dem Minister dës Froe stellen :

– Ass de Minister der Meenung, datt dësen archeologesche Patrimoine valoriséiert soll ginn ?
– Wa jo, envisagéiert d’Regierung, den Terrain ze kafen, fir dësen aussergewéinlechen Patrimoine
ze erhalen, an de Site och pédagogesch an touristesch ze notzen ?

Mat déiwem Respekt,

Francine Closener – Députée

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27677

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter