QP n°1370 – Honorarkonsulen

Här President,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro
un den Här Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel weiderzeleeden.
Am Joer 2022 huet déi grouss Enquête mam Titel “Shadow Diplomats”, geleet vum “International
Consortium of Investigative Journalists a ProPublica”, opgedeckt, datt op d’mannst 500 aktuell a fréier
Honorarkonsul:innen a Strofdoten oder strofrechtlech Ermëttlunge verwéckelt sinn. Zu de Strofdoten hu
beispillsweis Drogen- a Waffenhandel, Mord, Sexualstrofdoten a Bedruch gehéiert. Eenzelner sollen och
Ënnerstëtzter vu korrupte Regimmer wéi Nord-Korea, Syrien oder der Hisbollah gewiescht sinn. A
Reaktioun op déi Entdeckungen hu verschidde Länner Konsequenze gezunn.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel follgend
Froe stellen:
– Wéi vill Honorarkonsul:inne vun anere Länner sinn zu Lëtzebuerg? Ëm wéi eng Länner handelt et
sech?
– Suivéiert d’Regierung d’Aktivitéite vun auslännesche Honorarkonsul:innen hei zu Lëtzebuerg? Wa jo,
wéi gesäit dee Suivi aus?
– Goufen Honorarkonsul:innen vun anere Länner hei zu Lëtzebuerg an der ernimmter Enquête vun
2022 genannt? Wa jo, ëm wien handelt et sech a wéi eng Konsequenze goufe geholl?
– Huet d’Lëtzebuerger Regierung no der ernimmter Enquête vun 2022 zousätzlech Moossnamen
ergraff, fir d’Funktioun vun den Honorarkonsul:innen méi transparent ze gestalten? Wa jo, wéi eng?

Mat déiwem Respekt,

Mars Di Bartolomeo – Député

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27683

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter