Här President,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden. Den Incident am Réidener Lycée huet e gréisseren Asaz vun der Police erfuerdert. An dësem Fall gouf et eng Entwarnung. Trotzdeem muss ee bei esou Meldungen ëmmer vum Eeschtfall ausgoen. An deem Kontext wéilte mir dem Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend follgend Froe stellen:
– A wéi wäit ginn Enseignanten an anert Schoulpersonal vum Fondamental a vum Secondaire an
hirer Grondausbildung fir Amokleef sensibiliséiert?
– Wéi eng Méiglechkeete gëtt et fir dëst Personal eng Formation continue mat Bezuch op Amokleef
ze maachen? Am Fall wou esou Weiderbildungen an der Formation continue méiglech sinn,
handelt et sech ëm fräiwëlleg oder obligatoresch Formatiounen?
– Ginn et eenheetlech Reegele fir Gebaier vum Enseignement Secondaire a vum Enseignement
Fondamental, wat d’Sécherheet vun de Klassesäll am Fall vun engem Amoklaf ugeet?
– Ass de Ministère au courant iwwer aner Zwëschefall bei deene Schüler:inne mat „Waffen“ an
d‘Schoul komm sinn?
Mat déiwem Respekt,
Francine Closener & Liz Braz – Députées