QP n°1379 – Saisie vu Mierschwéngercher

Här Präsident,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro
un d‘Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau weiderzeleeden. An engem rezente Presseartikel ass vun engem Déiereschutzfall bericht ginn, wou 401
Mierschwéngercher saiséiert goufen, well se net ënner aartgerechte Bedingunge gehale goufen. Säit der éischter Kontroll den 30. September hu missten iwwer 100 Déiere wéinst diverse Grënn (Verfettung vun den Organer oder Deformatioune vun Zänn), ageschléifert ginn. Vun verschiddenen Déiereschutzorganisatioune gouf kritiséiert, datt dës Affaire net transparent gehandhaabt gouf a keng gutt Kommunikatioun stattfonnt huet. En plus gouf vun deenen Déiereschutzorganisatiounen kritiséiert, datt ee sech hätt kenne méi Zäit loosse fir d’Ënnersichung vun den Déieren a soumat net hätt missten sou schnell esou vill Déieren euthanaséieren.

An dësem Zesummenhang wéilt ech der Madame Minister follgend Froe stellen:
– Gouf et, ewéi et am Presseartikel ervir geet, keen offiziellt Schreiwes vun der ALVA? Wa net,
wisou? Wéini gëtt ALVA en offiziell Schreiwes eraus?
– Firwat huet d’ALVA an esou engem Fall ewéi dësen, wou ganz vill Déiere saiséiert goufen, just eng
Déiereschutzorganisatioun kontaktéiert?
– Wéi eng Déiereschutzorganisatioune si wéi oft am Joer 2022 an 2023 vun der ALVA em Hëllef
gefrot gi fir Déieren opzehuelen?

Mat déiwem Respekt,

Claire Delcourt – Députée

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27693

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter