Här President,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Fonction publique an un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden. Aktuell soll eng gréisser Unzuel vu Recourse vu Bréifdréier a Bréifdréiesche vu POST Lëtzebuerg virum
Verwaltungsgeriicht agereecht gi sinn.
An deem Kontext géinge mir dem Här Minister fir d’Fonction publique an der Madamm Justizministesch
follgend Froe stellen:
– Stëmmt et, datt vill Recourse vu Bréifdréier a Bréifdréiesche virum Verwaltungsgeriicht a
Relatioun mat engem Reklassement agereecht gi sinn? Wéi vill Recourse sinn et der genee ?
– Féieren dës onzieleg eenzelnen Recoursen net zu enger Iwwerlaaschtung vun dem schonns
ganz chargéierte Verwaltungsgeriicht?
– Wat kenne Persounen déi an esou enger änlecher Situatioun wéi d’Bréifdréier a
Bréifdréieschen si virum Verwaltungsgeriicht maachen ouni d’Geriichter ze surchargéieren ?
Mat déiwem Respekt,
Georges Engel & Mars Di Bartolomeo – Députés
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27708
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.