Här President,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un
d’Madamm Ministesch vun der Digitaliséierung, Fuerschung an Héichschoul, wéi och un den Här
Wirtschaftsminister, weiderzeleeden.
Rezent gouf an der Press gemellt, datt de Grand-Duché mat der Installatioun vum Quantecomputer
“MeluXina-Q” eng nei Ära am Beräich vun der Héichleeschtungsrechnertechnologie ageleet huet. Dësen
neie System, dee bei LuxProvide zu Biissen installéiert gëtt, soll verschidde Besoinen an de Beräicher
FinTec, Gesondheet, Materialfuerschung an och Cybersecurity erfëllen an dobäi hëllefen, de
Lëtzebuerger Standuert als digitalen a wëssenschaftlechen Innovatiounshub ze stäerken.
An deem Zesummenhang wéilt ech follgend Froe stellen:
– Wat sinn technesch an operationell Mesuren déi mussen ëmgesat gi fir d’Notze vun sou engem
Quantecomputer?
– Wéi héich chiffréiert sech de Montant u Computing Power deen iwwert den aktuelle MeluXina fir
Recherche an Developpement offréiert ginn ass fir d’Innovatioun virun ze dreiwen?
– Ginn et schonn Iwwerleeungen a konkret Pisten, wéi een dës verbessert Quantecomputer
technologie un Entreprisen a Recherche-Instituter zur Verfügung stellen wëll? Sinn eventuell
scho Partenariater virgesinn? A wann jo, a wéi engen Domainer?
– Op wéi eng Fuerschungs- an Entwécklungsdomainer setzt een déi nächst 5 Joer d’Prioritéit beim
Asaz vum MeluXina-Q?
– Wéi gëtt den Energie- a Waasserverbrauch fir d’Notzung vu Quantecomputer ageschat?
– Ass geplangt, de Quantecomputer MeluXina-Q och fir europäesch Projete wéi d’Entwécklung vun
den EuroQCI-Satelliten ze notzen?
– Wéi laang ass d’Notzungsdauer respektiv d’Liewensdauer vun esou engem Supercomputer? Wat
geschitt no dëser Period mat der Infrastruktur?
Mat déiwem Respekt,
Liz Braz – Députée
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27742
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.