QP n°1419 – Cyberattacken op staatlech Infrastrukuren

Här President,

sou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dringend
parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Digitaliséierung an den Här Staatsminister
weiderzeleeden.
Laut mengen Informatioune waren de 23. Oktober sämtlech Internetsitte vum Staat kuerz virun der
Mëttesstonn net méi zougänglech. Dëse Virfall huet méiglecherweis de Fonctionnement vun den
ëffentlechen Déngschter beaflosst.

An deem Zesummenhang wéilte mir follgend Froe stellen:
1. Kann d’Regierung dës Informatioun bestätegen?
2. Handelt sech hei ëm Cyberattacken? Wa jo, ëm wéi eng Zort vun Attacken huet et sech hei
gehandelt a wéi eng Mesure sinn hei geholl gi fir de Problem ze behiewen ? Wann net, goufen
technesch Problemer oder Feeler an der Infrastruktur identifizéiert a behuewen?
3. Wéi eng weider Mesure si geplangt, fir änlech Ausfäll an Zukunft ze verhënneren? Ginn et speziell
Preventiounsstrategien am Beräich vun der Cybersécherheet, déi ugepasst ginn?
4. Denkt d’Regierung driwwer no fir KI-Technologien anzesetze fir d’Netzverkéier an der Echtzäit
kënnen ze analyséieren an den Trafick déi vun Norm ofwäicht, wéi bei DDos-Attacken, ze
ënnerbannen?
5. Gedenkt d’Regierung seng Kommunikatioun mat der Ëffentlechkeet bei sou Incidenten ze
verbesseren, fir séier an transparent Informatiounen iwwert d’Ursaachen an déi ënnerholl
Mesuren ze vermëttelen?

Mat déiwem Respekt,

Ben Polidori & Liz Braz – Députés

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27752

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter