QP n°1423 – Centre sportif Belval

Här Präsident,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un
den Här Sportminister weiderzeleeden.
De Gesetzesprojet, mat der Nummer 8135, fir de Bauprojet vum neien “Centre sportif Belval”,
fir deen de Fonds Belval, fir de Bau a Gestioun zoustänneg ass, gouf Ufank 2023 deposéiert an
d’Finanzéierungsgesetz gouf den 27. Juni 2023 gestëmmt.
Am aktuelle Budget 2025 fënnt een de “Centre sportif Belval” och am Volet vum
Sportsministère erëm an do ass ze liesen: « Il est envisagé de regrouper les infrastructures
sportives nationales d’envergure telles que le Vélodrome, l’Institut national des sports (INS), le
centre sportif Belval et la Coque dans un établissement public (AINS). »

Heizou wollt ech de Ministeren follgend Froen stellen:
1) Wou ass de Projet vum Centre sportif Belval drun ?
2) Wéini ass mat der kompletter Fäerdegstellung vun den Infrastrukturen ze rechnen ?
3) Ass et fir d’Regierung net eng Prioritéit, des fir de Sport op der Uni a fir déi aktuell 6000
Studenten imminent wichteg Infrastruktur zäitno fäerdeg ze stellen ?
4) D’Uni funktionéiert elo säit Joren an d’Studente ginn nach ëmmer op verschidde Plazen
an de Gemenge ronderëm deplacéiert fir Sport ze maachen. Wéi wichteg ass Sport am
Studium fir de concernéierte Minister ?
5) An der leschter Regierung huet den deemolege Sportminister sech agesat fir aus den
3 x 25 m Bassengen een 1 x 25 an 1 x 50 Meter Basseng ze maachen. De Projet war
awer laut zoustännegem Bauten- an Edukatiounsminister schonn ze wäit
fortgeschratt. Wéi gesäit den aktuelle Sportminister dës Méiglechkeet ?
6) Kann de Sportminister Explikatioune ginn zum am Budget 2025 ugekënnegten
Etablissement public, deen eng Rei Sportsinfrastrukture soll geréieren ? Wat geschitt
mat den aktuellen Etablissements publics, déi elo scho bestinn a Sportsinfrastrukture
geréieren?

Mat déiwem Respekt,

Georges Engel – Député

Facebook
Twitter