QP n°1443 – Psychologeschen Encadrement an der Arméi

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro
un d’Madamm Verdeedegungsministesch weiderzeleeden.
Den Déngscht an der Arméi erfuerdert net nëmmen eng héichwäerteg Ausbildung an eng gutt physesch
Gesondheet, mee och eng stabil psychologesch Verfaassung. Besonnesch den Ëmgang mat déidleche
Waffen, Auslandsmissiounen a komplex Familljesituatiounen opgrond vum Déngscht an der Arméi
kënnen hei eng Erausfuerderung stellen. Dofir spillt e psychologeschen Encadrement eng zentral Roll fir
d’Zaldote wärend an no hirem Déngscht ze begleeden.

An deem Kontext géing ech der Madamm Verdeedegungsministesch follgend Froe stellen:
– Wéi vill Psychologe schaffen am Moment an der Lëtzebuerger Arméi?
– Wéi vill Zaldoten hunn an de leschte fënnef Joer eng psychologesch Ënnerstëtzung kritt?
– A wéi wäit kënne Familljemembere vun Zaldoten de psychologesche Service vun der Arméi an
Usproch huelen?
– Wat sinn d’Prozedure fir en Zaldot fir e Psycholog ze kréien? Geschitt dat op Initiativ vum Zaldot
oder op Recommandatioun vu Virgesetzten?
– Gëtt et eng Verpflichtung e Psycholog virun, wärend oder no engem Deploiement ze
consultéieren?
– Wéi eng präventiv Moossname goufen agesat fir dat psychologescht Wuelbefanne vun den
Zaldoten ze garantéieren?
– Gëtt et Situatiounen an deenen e psychologescht Encadrement obligatoresch ass?
– Op wéi enger Basis gëtt de Besoin vu psychologeschem Staff evaluéiert? Wéi huet d’Arméi an de
leschten 20 Joer determinéiert wéi eng Besoinen d’Struktur u psychologeschem Support huet a
wat fir Moyenen et bräicht, fir dem Besoin gerecht ze ginn? Ass et dozou schonn eng kéier eng
Etude ginn?
– Sinn an noer Zukunft Rekrutementer vu psychologeschem Support fir d’Arméi virgesinn? Wa jo,
wéi vill a wéi eng (Neuropsychologen, Psychiater, Verhalenstherapeuten etc.)?
– Wéi gedenkt d‘Madamm Ministesch déi mental Gesondheet vun eiser Arméi an Zukunft adequat
ze encadréieren?

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz – Députée

 

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: https://www.chd.lu/lu/question/27781

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter