Firwat musse mir méi an eis Defense investéieren?
D’Zäite vum“Friddensdividend” nom Enn vum Kale Krich sinn eriwwer. D’Realitéit vun engem aggressive Russland, vun autokratesche Regime an engem neien Trump-Mandat an den USA maachen däitlech: Europa muss fäeg sinn, seng eege Sécherheet ze garantéieren. Dat bedeit net, dass mir eis politesch Identitéit als Friddensmuecht opginn. Als Sozialiste si mir de Garant dofir, dass déi Investissementer nëmme fir d’Verdeedegung genotzt ginn. Fir de Fridden ze schützen, musse mir bereet a prett sinn, eis Wäerter ze verdeedegen.
Dat heescht net, dass Europa elo an eng Rüstungslogik soll falen, mee mir mussen erkennen, dass eng funktionéierend europäesch Sécherheetsarchitektur och Defensefäegkeeten erfuerdert. Et geet ëm d’Fäegkeet, gemeinsam op Krisen ze reagéieren, eegen Infrastrukturen ze schützen a Bedrohungen ofzeschrecken. Sécherheets- a Verdeedegungspolitik sinn also keen Endzweck, mee leider néideg an enger Welt vun Aggresseure fir dat z’erhalen, wat eis Gesellschaft ausmécht: Fräiheet, demokratesch Institutiounen a sozial Stabilitéit.
Wéi solle mir dat hikréien?
Déi Defenseinvestissementer dierfen net op Käschte vun der sozialer Gerechtegkeet oder der Klimatransitioun goen – als Sozialiste wëlle mir kee “guns or butter”-Dilemma, mee eng intelligent Prioriséierung. Et geet als éischt drëms besser ze investéieren éier mir méi investéieren.
Wat an de leschte Joerzéngte gefeelt huet, ass virun allem d’Koordinatioun. Amplaz dass all Land fir sech investéiert, brauche mir eng gemeinsam Strategie: eng besser Ofstëmmung tëschent den EU-Memberstaaten, gemeinsam Beschafung vu Material, méi Kooperatioun tëschent Arméien a méi Interoperabilitéit.
Europa huet schonn ugefaangen, sech besser ze organiséieren – duerch Initiative wéi den Europäesche Verdeedegungsfong oder d’gemeinsam Beschafung vu Munitioun. Dës Richtung soll konsequent weidergaange ginn. Doriwwer eraus muss gekuckt ginn, wéi nei Finanzinstrumenter op EU-Niveau – zum Beispill via d’Europäesch Investitiounsbank oder spezifesch Kreditlinnen – kënne genotzt ginn, fir gemeinsam Projeten ze finanzéieren, ouni dass national Budgeten disproportionell belast ginn. Mir kënnen eis och enger Diskussiounen vun engem gerechte Steiersystem net verschléisse fir déi Investitiounen ze finanzéieren. Et däerf net sinn dass d’Mëttelschicht ganz alleng dës Investitioune finanzéiert.
Fir Lëtzebuerg heescht dat konkret: als zouverlässege Partner an engem kollektivem europäesche System matzeschaffen a Prioritéiten ze setzen, wou mir wierklech e Mehrwert bidden.
A wat solle mir als Lëtzebuerg investéieren?
Als klengt Land kënne mir net all Zort vu militärescher Kapazitéit ofdecken – an dat ass och net néideg. Mä mir hu Stäerkten, déi Europa haut méi wéi jeemools brauch:
- Cybersécherheet: Lëtzebuerg huet eng modern digital Infrastruktur a Kompetenzzentre fir Cybersécherheet, déi mir gezielt kënne weiderentwéckelen – och am Kampf géint Desinformatioun a hybride Geforen.
- Zivilschutz a Krisemanagement: Lëtzebuerg huet Stäerkten – staark Logistik, erfuerenen Autoritéiten a moderne Knowhow. Esou kënne mir bei europäesche Rettungs- oder Evakuéierungsaktiounen eng wichteg Roll spillen, besonnesch wann et séier an zouverlässeg muss goen.
- Dual-Use Technologie an Innovatioun: Mir sollen an europäesch Fuerschung investéieren, déi souwuel zivil wéi och defensiv benotzt ka ginn – z. B. am Beräich vun der Satellittentechnologie oder klimarelevanter Infrastruktursécherung.
Zil muss et sinn, eise Bäitrag zum Kollektiv ze stäerken, ouni dobäi déi sozial Kohäsioun an eiser Gesellschaft z’ënnergruewen. Eng sécher Zukunft fir Europa fänkt net mat Rüstung un, mee mat Solidaritéit.