Situatioun vun de Staatsfinanzen ass net méi sou roseg wéi an der Vergaangenheet – Interview mam Taina Bofferding a Franz Fayot

D’CSV-DP-Majoritéit huet den Budget 2026 dës Woch an der Chamber ugeholl, d’LSAP-Fraktioun huet dergéint gestëmmt. Firwat?

TB: Situatioun vun de Staatsfinanzen ass net méi sou roseg wéi an der Vergaangenheet. Mä d’Regierung versprécht weider dat Blot vum Himmel, dat kann net opgoen.
Si hofft op Wuesstem a seet: Wann een d’Stéieren erofsetzt, da wuesse mir an da kritt de Staat automatesch méi Recetten. Mir sinn awer elo beim 3. Budget a gesinn, datt dat net funktionéiert. Dovunner ofgesinn, datt de Wuesstem keen Allheelmëttel ass a weider Problemer schaaft.

FF: Als LSAP maache mir eis Suergen ëm eis Staatsfinanzen, well mir einfach net gesinn, wéi d’Rechnung soll opgoen. Mir halen et fir relativ fahrlässeg alleguerten déi Entlaaschtungen an Dépensen virzegesinn, ouni datt sech iergendwellech Gedanken iwwert d’Géigefinanzéierung gemaacht ginn.

Stéchwuert Géigefinazéierung. Dat war eng vun den Haaptkritiken vun der LSAP.

TB: Jo, d’Regierung plangt eng Steierreform, déi dem Staat all Joer wäert ongeféier 900 Milliounen Euro kaschten. Dozou kommen nach Defenseausgaben, déi ab 2029 ronn 2 Milliarden dierften ausmaachen. Eleng mat dësen 2 Posten, sinn dat 3 Milliarden méi, an dat pro Joer. Iwwer d’Prioritéite kann een diskutéiere, mee wann een Suen ausgëtt, muss een soen, wou een se hierhëlt. An hei seet d’Majoritéit einfach näischt dozou. Respektiv si hofft op de Wuesstem deen awer net kënnt, wéi Zuele kloer schwaarz op wäiss beleeën

FF: Et ass kloer datt d’Regierung kee Plang B huet. Mir sinn an enger kompletter  “Navigation à vue“. Ouni Visioun fir Muer an Iwwermuer. An dobäi kënnt, datt Deeler vun eisen Recetten ganz volatil sinn. Wei zum Beispill, dat wat iwwert d’Tubaksteier era kënnt. Dat sinn haut iwwert eng Milliard Euroen. Mee do gëtt et Drock an Europa fir d’Tubakspräisser erop ze setzen, fir géint den Tabagismus virzegoen – och wa mer eis do wieren, heescht datt, dat d’Präisser warscheinlech wäerte klammen, an déi Nische verschwannen dierft.

Wat géif d’LSAP dann aneschters maachen?

FF: Eiser Meenung no brauch et aner Iddien fir eise Staatsbudget, déi sech net reng op Konsum, Kafkraaft a Wuesstem reduzéieren. En éischte Schrëtt gëtt gemaach, mat der Integratioun vun e puer Indicateuren vum PIBien-être. Dëst ass iwwregens op eng Initiative vun der LSAP zeréck ze féieren. A da brauch et e Shift fir d’Steierlaascht tëschent Aarbecht a Kapital nei ze gestalten.

TB: Mir hunn de Mensch am Bléck, an net just Zuelen. D’ Regierung seet, d’Wirtschaft muss dréine fir de Sozialstaat bezuelen ze kënnen. Mir soen, ouni Mënschen gëtt et keng Wirtschaft – jo et brauch Wuesstem, mä et brauch am System och eng gerecht Ëmverdeelung. Mir hunn eis och keng Wonnerléisung bei de Recetten erwaart, mä awer op mannst éischt Reflexiounen. Mir kënnen net einfach ëmmer méi ausginn an drop spekuléieren, datt de Wuesstem erëm kënnt a wéi e Wonner alles riicht. Dat ass weder viraussichteg, nach raisonabel.

 

Facebook
Email
WhatsApp