Lëtzebuerg ass an enger decisiver Phase. D’Zukunft vun eisem Rentesystem ass a Gefor. D’Pläng vun der Regierung, zilen net nëmmen op eng Erhéijung vum Rentenantrëttsalter, mee och op e systematescht Ënnergruewe vun eisem solidareschen, ëffentleche Rentesystem. Dëst ass net nëmmen eng Menace fir eis Renten, mee och fir d’Grondlage vun eiser Gesellschaft.
D’Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP hu sech kloer geäussert: D’Zukunft vum Rentesystem muss am Sozialdialog diskutéiert an decidéiert ginn. Et ass eng kloer Strategie vun der Regierung fir d’Sozialpartner ëmmer an ëmmer nees virun de Kapp ze stoussen:
-Dat hu mir bei de Kollektivverträg gesinn;
-dat hu mir bei den Diskussiounen ëm d’Ëffnungszäiten am Commerce gesinn an
-dat gesi mir och elo bei der Pensiounsdiskussioun.
Mir hu scho méi wéi eemol betount, datt d’Erhéijung vum Rentenantrëttsalter weder gewënscht, nach zilféierend ass, mee d’Gerechtegkeet vun eisem gudde System a Fro stellt. E System, dee mir Sozialisten opgebaut hunn.
Doriwwer eraus goufen déi annoncéiert Mesure vu kengem Partner gefrot. D’Consultatiounsronne vun der Regierung waren also eng reng Alibiveranstaltung a just Show. Sozialpolitik ass awer keng Show, mee d’Fundament op deem eise System an eis Demokratie opbaut.
Als LSAP setze mir op Dialog – mat de Gewerkschaften, mat alle Partner, an als éischt natierlech mat eise Memberen! Dofir gesi mir eis de 16.Juni um 19h zu Sandweiler fir am „Forum“ kënne mat Dir iwwert de Pensiounssystem, der Regierung hir Virstellungen , mee virun allem iwwert eis Positiounen ze diskutéieren.
Et ass kruzial, eis Stëmm ze erhiewen. Online, grad sou wéi offline. Op Table-Ronden, op eisem LSAP-Forum, mee awer och um Comptoir an an eise Familljen. Et geet ëm eis all. An et geet net nëmmen ëm d’Pensiounen, mee ëm déi zukünfteg Ausriichtung vun eisem Zesummeliewen.
Dofir ruffe mir och all eis Memberen a Frënn op, e Samschdeg, dem 28. Juni, um 11h an der Stad un der nationaler Manifestatioun deelzehuelen. Mir mussen zesumme fir eis Renten, fir e staarke sozialen Dialog a fir eng gerecht Gesellschaft kämpfen.
Mir gesinn all Dag, wéi batter néideg, eng LSAP an der Regierung wier. Mat eis wier net just d’Stëmmung an der Koalitioun besser – well tëscht CSV an DP ass se wierklech net gutt – mee virun allem wier d’Politik an eisem Land eng aner. Well et e bessere Wee gëtt!
Wat mir fuerderen:
- Erhalt vum solidareschen, ëffentleche Rentesystem: Mir wëlle keng Privatiséierung vun eisem Rentesystem a keng Verschlechterungen, déi just op d’Kap vun der jonker Generatioun ginn.
- Stäerkung vum sozialen Dialog: D’Gewerkschafte mussen an d’Entwécklung vun der Rentepolitik, sou wéi an all déi betreffend Felder aktiv agebonne ginn.
- Schluss mat der Chaospolitik: Deen ee Minister weess net, wat deen anere mécht. De Premier decidéiert, déi aner kucken no. Hansen an Delles musse wéinst Frieden zeréckrudderen. An der Chamber ginn Hartmann, Schockmel a Co virun de Fait accompli gestalt. Deprez gëtt bloussgestallt. CSV an DP: vun enger gemeinsamer Politik, mat gemeinsamen Zieler keng Spuer; de Premier ass „allein auf weiter Flur“. Dëse Chaos ass net gutt fir eist Land!
Mobiliséiert Iech!
Informéiert Är Kolleeginnen a Kolleegen, Är Famill a Frënn. Kommt op eise Forum a gitt mat eis op d’ Strooss fir eng solidaresch a gerecht Zukunft. Mir mussen zesumme fir eis Rechter an eis Gesellschaft kämpfen. Wéini, wann net elo? Mir zielen op Dech!