Sportslizenze fir Fraen: vu 16.000 op 20.000 erop a 5 Joer

Ronn 20.000 Fraen a Meedercher haten 2015 eng Sportslizenz fir Competitioune kënnen ze maachen. Dat ass e plus vu 4.000 am Verglach mam Joer 2010, ewéi d’Ministere fir Sport a Chancëgläichheet, Romain Schneider a Lydia Mutsch (allenzwee LSAP) an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Cécile Hemmen schreiwen.

D’LSAP-Deputéiert wollt e.a. wëssen wéi d’Regierung wëll d’Praktizéiere vun all Sport onofhängeg vun de geschlechtleche Stereotype fuerderen, ob et z.B. geplangt ass, d’Entwécklung an de Clibb statistesch no Geschlecht an duerchgefouerten Aktiounen ze iwwerpréiwen an d’Anhale vun der Gläichheet vun de Präisser bei Kompetitiounen duerchzesetzen.
Eng weider Fro war déi, wéi d’Promotioun vun de Fraen a Féierungsposten an de Clibb an an de Federatioune, mee och an der Funktiounen als Trainer oder Arbitter erliichtert géif.

De Romain Schneider an d’Lydia Mutsch preziséieren an hirem Schreiwes, dass d’Regierung hirersäits hir finanziell Hëllef net no Geschlecht vergëtt. D’Promotioun vum Fraesport u sech géif an de Beräich vun deenen eenzelne Sportfederatioune falen.

Déi detailléiert Äntwert op all dem Cécile Hemmen hir Froen, fannt Dir hei:

QP n°1837 Cécile Hemmen

Facebook
Twitter