Stëllgebuert, Stärekand oder Feelgebuert – Begrëffer iwwert déi et ëmmer nach schwéier fält an eiser Gesellschaft ze schwätzen. Mir hunn eis Deputéiert Claire Delcourt getraff, fir iwwer d’Verdrängung an d’Tabuiséierung vun dëser Thematik ze schwätzen a wat d’Politik dogéint ënnerhuele kann.
Claire, du hues dech rezent vill mam Thema Feelgebuerte beschäftegt. Ënner anerem hues du en Artikel publizéiert an et konnt een och eng fräi politesch Tribün um Radio héieren. Wat huet dech dozou beweegt, dech dësem Sujet unzehuelen?
Ech hunn d’Gefill, datt et hei zu Lëtzebuerg ëmmer nach en Tabu ass iwwert d’Thema Feelgebuerten ze schwätzen. Dobäi ass dëst tragesch Erliefnis vill méi wéi just just e Randphänomeen: all drëtt Fra erlieft am Laf vun hirem Liewen op d’mannst eng Feelgebuert. Déi meescht hunn deemno an hirem Ëmfeld Bekannter, déi esou eng dramatesch Situatioun matgemaach hunn. Et ass e Verloscht, deen een oft e Liewe laang begleet an awer gëtt wéineg driwwer geschwat. Dofir wollt ech de Betraffenen eng Stëmm ginn. Op hiert Schicksal opmierksam maachen an dëser Erfarung och déi néideg gesellschaftlech a politesch Opmierksamkeet ginn, déi et verdéngt.
Wéi genau wëlls du dat maachen?
Aktuell ass et esou, datt Elteren am Fall vun enger Feelgebuert nëmmen Usproch op e Congé maternité hunn, wann d’Schwangerschaft mindestens bis déi 22. Woch fortgeschratt ass. Dobäi geschéien déi meescht Verloschter awer an den éischten 12 Wochen. Déi psychesch a kierperlech Belaaschtung vun engem fréie Verloscht, spillt hei rechtlech kaum eng Roll. Fir vill Frae bedeit dat, datt hir Trauer net unerkannt gëtt. Hire Verloscht bleift esou meeschtens onsiichtbar. An hei ass et un der Politik endlech ze handelen an all Feelgebuert als dat unzeerkenne wat et ass. Nämlech en déiwe Verloscht iwwert deen een net esou schnell ewech kënnt an deen Zäit brauch fir driwwer ewech ze kommen. Tatsächlech huet d’Regierung ugekënnegt ëmmerhi scho mol e Congé fir spéit Feel- an Doutgebuerte wëllen anzeféieren. Dat ass natierlech wichteg an e Schratt an déi richteg Richtung. Mat der Aféierung vu sou engem spezielle Congé muss awer opgepasst ginn, datt net den Androck entsteet, datt fréi Verloschter net esou schlëmm sinn. Dowéinst wëlle mir en eenheetleche Congé, onofhängeg dovunner wéini d’Feelgebuert ass.
Wat kann d’Politik ënnerhuelen, fir op déi Manéier de Betraffenen endlech déi néideg Unerkennung ze ginn?
Ech sinn der Meenung, datt Elteren, déi esou e schwéiere Schickssalschlag erliewen, och e Recht op e Congé spécial sollte kréien. Dëst wier e wichtegt Signal vu Matgefill, Empathie an Unerkennung. E gesetzlech verankerten Trauercongé vun 2 oder 3 Deeg fir déi Betraffen ass en Zeeche vu Respekt a Mënschlechkeet. Well Trauer brauch Zäit an dobäi sollt et keng Roll spille wéi kuerz dat verluerent Liewe war. Ech wëll de Leit och nach eppes Wichteges mat op de Wee ginn. Bleift net eleng mat ärer Trauer. Schwätzt mat äre Frënn, der Famill, Leit, déi dat selwecht Schicksal erlieft hunn oder Professionellen. Sech Leit uvertraue ka Mauere briechen an engem wierklech hëllefen.