Stopp mat der feiger Palästina-Politik vun der Regierung – Danielle Filbig & Max Molitor (JSL)

https://www.rtl.lu/radio/fraei-politesch-tribuen/s/5153575.html

DF: Wann ee spéiderhin op seng politesch Doten zeréck kuckt ass et wichteg fir sech selwer ze wëssen, dass een ëmmer op der richteger Säit vun der Geschicht stoung – dass een sech ëmmer an ëmmer erëm fir déi Grondwäerter agesat huet vun deenen een iwwerzeegt ass.

Dat gëllt um nationalen ewéi um internationalen Niveau.

Hei ass de brutalen Ugrëffsfläch vu Russland an der Ukrain sécherlech e Beispill – et ass richteg a wichteg, dass och Haut, méi ewéi 3 Joer nom Ufank vun de russeschen Attacken, d’europäesch Unioun, a speziell Lëtzebuerg, geschlossen un der Säit vun der Ukrain steet.

MM: Wou dat eent richteg schéngt, ass dat anert awer anscheinend falsch.

Et ass onverständlech, dass déi Lëtzebuerger Regierung, virop de Premier an den Ausseminister, an der No-Ost-Politik op esou eng feig Aart a Weis de Kapp an de Sand stiechen. De Konflikt, dee wuel de 7. Oktober 2023 mat der terroristescher Attack vun der Hamas op Israel ugefaang huet, zielt mëttlerweil 50.000 Mënschen déi op palästinensescher Säit hiert Liewe gelooss hunn. Vill dausend Famillje fannen an dësem Liewe keng Freed méi. Säit 2 Méint dierfe keng Hëllefsorganisatioune méi an d’Gaza-Sträif – hei soll eng ganz Bevëlkerung erhéngere gelooss ginn.

DF: D’Ambitioun vun der lëtzebuergescher Aussepolitik kann net nëmmen doranner bestoe virun anere Länner hire Meenungen ze kuschen a nëmme kengem op d’Féiss wëllen ze trëppelen. Als Lëtzebuerg ware mir bekannt fir eng haart an éierlech aussepolitesch Stëmm, déi ëmmer een Zil hat: d’Mënschen an d‘Mënschlechkeet an der Welt ze schützen.

MM: Deem ass haut definitiv net méi esou. Richteg wier et Haut, en Zeechen an den Noen Osten ze schécken: mir stinn un der Säit vun de Leit an Nout, mir kucken net einfach just no wat déi israeelesch Regierung mécht a scheien eis hir Aktiounen ëffentlech ze condamnéieren.

De rietsextremem israeelesche Ministerpresident Netanjahou huet ganz rezent annoncéiert, dass d’Gaza-Sträif soll ageholl an d’Bevëlkerung ëmgesidelt ginn. Wéi wier déi international Reaktioun gewiescht wann de Putin dat zu den Ost-Ukrainer gesot hätt?

Fir eis ass kloer: Dat geet net!

DF: Mir fuerderen d’Regierung op, endlech en aneren Toun unzeschloen an Israel däitlech ze condamnéieren. Si soll sech op internationalem Plang fir d’Unerkennung vu Palästina asetzen a Sanktiounen en place setze fir e Genozid ze verhënneren. D’Argument, dass et um néidegen europäesche Support fir d’Ëmsetzung vun dëser Fuerderung feelt, ass keent méi. Esou guer de franséische President Macron huet nieft anere Länner ewéi Spuenien, Norwegen an Irland, ugekënnegt Palästina wëllen unzeerkennen.

MM: E Fridden am noen Osten ass nämlech nëmmen da méiglech wa béid Länner a kloer definéierten a respektéierte Grenzen nieftenee funktionéiere kënnen. Dofir ass et wichteg, dass d’Geiselen erëm Heem, an déi israeelesch Truppen zeréck an hiert Land dierfen.

Dofir musse mir eis asetzen. Fir dass mir an e puer Joerzéngte wëssen, dass mir op der richteger Säit vun der Geschicht stoungen.

Facebook
Email
WhatsApp