Här Präsident,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.
D’Gesetz vum 21. Juli 2023 betreffend dem 12. 5-Joresprogramm fir Sportinfrastrukture gesäit eng Gesamtenveloppe vu ronn 135 Mio € vir, fir nei Sportinfrastrukturen ze baue respektiv besteeënder ze renovéieren, wat natierlech ze begréissen ass an enorm wichteg fir d‘Entwécklung vum Lëtzebuerger Sport insgesamt ass.
Dëst Gesetz an an Absënns seng Ausféierungsbestëmmunge vum 15. August 2023, hunn deemools innovéiert andeems nëmme nach Projeten iwwert 2 Mio € (HTVA) op déi sougenannte Lëschte musse kommen, respektiv goufe maximal Plaffongen a Module festgehale fir d‘Subside vun de jeeweilegen Sportinfrastrukturen.
De Règlement grand-ducal vum 31.Juli 2024 betreffend déi 1. Lëscht vun Projeten iwwert 2 Mio € (HTVA) déi am Kader vum 12. 5-Joresprogramm subsidéiert kënne ginn, ass de 7. August 2024 am Memorial A publizéiert ginn.
Dozou stellen sech follgend Froe:
- Ewéi héich ass déi Gesamtenvelopp vun den opgelëschte Projeten op der 1.Lëscht ?
- Kann de Minister, am Sënn vun der Transparenz, de Relevé vun den Projeten komplettéieren mat Präzisiounen ob et sech bei de Projeten em Neibauten oder Renovatiounen (Modernisatiounen) handelt? Och d’Präzisioun ob et sech em ee lokalen, regionalen oder nationale Projet handelt wär nëtzlech.
- Kann de Minister eng detailléiert Lëscht mat de selwechten Informatiounen vun den Projeten produzéiren déi ënnert dem Seuil vun 2 Mio € (HTVA) léien, an dëst säit dem Akraafttriede vum „Règlement grand-ducal“ vum 15. August 2023?
- De Relevé vun de Projeten op der 1.Lëscht gesäit Termen ewéi « Centre sportif », « Hall des Sports », « Hall multisports », « Hall omnisports », « Hall de tennis », « Espace polyvalent en verre pour le sport » an « Bâtiment multifonctionnel pour le sport » fir. Des Terminologie ass allerdéngs net am Règlement grand-ducal vum 15. August 2023 virgesinn. Ewéi ginn déi verschidde Subside fir déi Infrastrukturen déi net esou opgelëscht sinn, determinéiert ?
- De Relevé gesäit eng Lafpiste um Belair vir. Kann de Minister präziséieren op et sech hei em d’Moderniséierung vun der besteeënder Piste beim Stater Kolléisch handelt oder em eng néi Piste?
- Kann de Minister präziséieren, wien den Empfänger vun deene jeeweilegen Subsiden ass (Gemeng, Gemengesyndikat oder Privatpromoteur)?
- Wat fir Obligatioune respektiv Engagementer muss de jeeweilegen Bauhär anhalen als Contrepartie vun dem staatleche Subside? Ginn des schrëftlech festgehalen, respektiv och vu staatlecher Säit aus iwwerwaacht ?
Mat déiwem Respekt,
Liz Braz – Député
Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: QP n°1140
*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.