Taina Bofferding: “Ofdreiwung ass Mord?”

D’Kierch am 21ten Jorhonnert: (Ëmmer nach) Realitéitsfriem a fraefeindlech

 

 

 

Ofdreiwung ass “Mord”. Och bei Inzest oder Vergewaltegung. Dokteren, déi Ofdreiwunge virhuelen, sinn “Optragsmäerder”. Fraen sollen hirer Roll als Fra gerecht ginn a méi Kanner kréien.

Wie gemengt hat, d’Kathoulesch Kierch géif sech awer lues a lues moderniséieren, gouf vum Poopst a vum Kardinol Hollerech enges bessere beléiert. Si priedegen Oppenheet an Nächsteléift – a beweisen geliefte Fraefeindlechkeet.

Sou Aussoe sinn absolut inakzeptabel!
Amplaz sech an d’Privatliewe vun de Leit an d’Gesetzer vun engem demokratesche Rechtsstaat anzemëschen, hätt d’Kierch besser virun der eegener Dier ze kieren, denke mär dach un déi sëlleg onobgeschaffte Skandaler.

D’Entscheedung op ee Kanner kritt oder net, oder eng Ofdreiwung virhëlt, si Privatsaach – Punkt!

Do huet keng Institutioun an och net de Staat sech anzemëschen!

Mär als LSAP verteidege vehement Selbstbestëmmungsrecht vun all Eenzelen, selwer iwwert säi Kierper däerfen ze bestëmmen. A ganz éierlech mär Frae si keng Wiesen ouni Gehier, mär hunn et net neideg datt “al wäiss Männer” eis virschreiwen, wat mär ze maachen hunn.

Dofir begréisse ech och dem belsche Premierminister De Croo säi Courage, andeems hie kloer Stellung geholl an dem Poopst seng Aussoen als inakzeptabel verurteelt huet. An enger moderner a laizistescher Gesellschaft huet d’Kierch sech net an d’Politik a scho guer net an d’Selbstbestëmmung vun de Leit anzemëschen. An et ass wichteg, dass d’Regierung hei kloer Stellung bezitt.

An hei am Land? Keng Reaktioun. Ech fannen et erschreckend, dass mär bis elo  kee  Wuert vun eisem Premier an der Regierung dozou héieren huet.

Zesumme mam Paulette Lenert hunn ech de Premierminister opefuerdert, endlech Stellung ze huelen.

En couragéierten Asaz an eng determinéiert Reaktioun sinn net zevill verlaangt. Als Regierungschef vun engem demokratesche Land, wou d’Kierch an de Staat getrennt sinn, hätt de Premierminister d’Aufgab gehat, sech hannert d’Selbstbestëmmung vu senge Biergerinnen a Bierger ze stellen!

Dës Aussoen, wéi och déi feelend Reaktioun vun der Regierung, weisen, dass konservativ an ondemokratesch Weltbiller ëmmer nach fest an Deeler vun eiser Gesellschaft verankert sinn – net nëmmen am reliéise Milieu.

Aktuell gesi mär an den USA, wéi schnell d’Recht op Ofdreiwung nees ofgeschaaf ka ginn a Fraen Angscht mussen hunn, dass hinnen och am medizineschen Noutfall net gehollef gëtt, an si am schlëmmste Fall stierwen.

Individuell Fräiheeten an Selbstbestëmmung gehéieren zu den héchste Wäerter vun enger moderner an demokratescher Gesellschaft, an déi sinn net fir éiweg a Stee gemiesselt. Mär mussen eis all Dag fir si asetzen.

Facebook
Twitter