Tripartite jo, mee net esou!

LSAP - Manifestation 28. Juni 2025

D’LSAP begréisst d’Decisioun vun der Regierung, endlech eng Tripartite anzeberuffen. Mee den Timing léisst net vill Hoffnung opkommen, datt d’Regierung et éierlech mengt an de Sozialdialog relancéiere wëll.  

Nodeems de Premierminister Luc Frieden laang probéiert huet, eng Tripartite ze evitéieren, ass den Drock ze grouss ginn – och aus sengen eegene Reien. D’Regierung huet eng Tripartite ugekënnegt, sou wéi d’LSAP an aner Oppositiounsparteien, d’Gewerkschaften an d’Patronat dat scho laang fuerderen.  

A priori ass dës Decisioun begréissenswäert, wann déi ganz Saach net een Hoken hätt: Virun der Tripartite, déi fréistens Enn Mee soll sinn, hält de Luc Frieden den 19. Mee an der Chamber seng Ried zur Lag vun der Natioun. Traditionellginn do déi grouss Decisiounen vun de Regierung ugekënnegt. 

Sou datt d’Fro sech stellt, wat et dann nach an der Tripartite ze diskutéiere gëtt, wann d’Decisioune schonns virdrunner sollte geholl sinn? Eng Tripartite ass net do, fir d’Decisioune vun der Regierung explizéiert ze kréien! Et kann netsinn, datt am État de la Nation Decisiounen ugekënnegt ginn, déi dono all Spillraum an enger Tripartite huelen. 

Et ass ze hoffen, datt et sech hei net ëm de selwechte sozialen Uschass handelt, esou wéi scho beim Mindestloun. 

Mir hoffen och, datt d’Regierung dës Geleeënheet net verpasst, fir zeréck bei en éierleche Sozialdialoge ze fannen. De Prinzip vun der Tripartite a vum Sozialdialog sinn essentiel fir de soziale Fridden an déi wirtschaftlech Stabilitéit.Dofir fuerdere mir, datt d’Tripartite esou séier wéi méiglech soll zesumme kommen, an net eréischt „an e puer Wochen“.   

Mir brauchen elo eng Tripartite, fir d’Kafkraaft am Land ze stäerken an d’Konsequenze vun der Energiekris ofzefiederen. 

Virschléi, iwwert déi diskutéiert kéint ginn, huet d’LSAP scho viru Woche presentéiert: e sozial gerechte Steierkredit fir d’Leit; eng Iwwergewënnsteier fir déi Betriber déi massiv vun der Energiekris profitéieren; erneierbar Energië geziiltfërderen fir eis Energieofhängegkeet ze reduzéieren.  

Mee de Sozialdialog dierf sech net op dës Tripartite an op d‘Energiekris begrenzen. D’Lëscht vun den Dossieren, déi mussen ugepak ginn, ass laang. 

Mir erwaarden eis, datt d’Regierung endlech decidéiert, de Mindestloun signifikant an d’Luucht ze setzen. Mir fuerderen och, datt méi Salariéë vun engem Kollektivvertrag geschützt ginn. Niewent deem muss si sech awer och mat derWunnengskris, der Digitaliséierung an der Aarbechtswelt an de sozialen Ongerechtegkeeten am Steiersystem befaassen, ouni d’Evolutioun um Aarbechtsmaart a vun eiser Kompetitivitéit ze vergiessen.   

D’Regierung ass an der Verantwortung. Et steet vill um Spill. Een Echec ass keng Optioun!  

LSAP – Fraktioun a Partei

Lëtzebuerg, den 22. Abrëll 2026 

Facebook
Email
WhatsApp