De soziale Pilier an Europa gëtt weider gestäerkt
Urteel vum Europäesche Geriichtshaff confirméiert d’Quintessenz vun der EU-Mindestlounrichtlinn vum Nicolas Schmit.
D’LSAP begréisst d’Urteel vum Europäesche Geriichtshaff, dat déi grouss Linne vun der EU-Mindestloundirektiv confirméiert, déi den LSAP Politiker Nicolas Schmit als EU Kommissär fir Aarbecht a Soziales 2022 deposéiert huet. Dëst ass eng gutt Noricht fir all Aarbechter.in an Europa an e kloert Zeeche fir fair Léin, eng valoriséiert Aarbecht an den Ausbau vu Kollektivverträg.
D’Urteel ass e positive Schratt fir den europäesche Sozialprojet. Et bestätegt, dass d’Europäesch Unioun d’Rechter vun den Aarbechter.inne schütze kann.
E staarkt Signal fir fair Léin a méi Kollektivverträg
D’Direktiv fuerdert d’EU-Memberstaaten op en nationalen Aktiounsplang auszeschaffen, fir dass 80 % vun de Beschäftegten ënnert engem Kollektivvertrag schaffe sollen. E wichtege Schratt fir gerecht Léin a gutt Aarbechtsbedéngungen.
D’Richtlinn gesäit ausserdeem fir, dass déi national Mindestléin un engem Referenzwäert festgemaach solle ginn. Konkret heescht dat, dass de Mindestloun sech u 50 % vum Brutto-Duerchschnëttsloun a 60 % vum Brutto-Medianloun soll orientéieren.
Och wa mir eis beim Mindestloun méi Kloerheet gewënscht hunn, begréisse mir dës Richtlinnen, déi op laangjärege Fuerderunge vun der LSAP baséieren.
Elo ass et un der Regierung ze handelen. De Mindestloun muss esou séier wéi méiglech ugepasst ginn an d’Kollektivverträg musse weider, an Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften, ausgebaut ginn.
D’LSAP seet hirem fréieren Aarbechtsminister an EU-Kommissär e grousse Merci fir seng Féierung a säin Engagement bei der Ëmsetzung vun dëser Direktiv. Domat ginn d’Aarbechtsbedéngunge vun de Beschäftegten an de soziale Pilier vun Europa weider stäerkt.
Lëtzebuerg, de 11. November 2025.
Kommunizéiert vun der LSAP-Fraktioun.