Verantwortung fir d’Zukunft!

Léif Komerodinnen, Léif Komeroden,

 

MERCI.

 

Vu ganzem Häerze wëlle mir Iech e grousse Merci soe fir d’Vertrauen, dat mär um Nationalkongress vun iech kritt hunn. . Mir si ganz houfreg, elo mat enger neier a jonker Parteileedung an enger kompetenter Exekutiv eis an den Déngscht vun der Partei duerfen ze setzen.

Mir hu grouss a wichteg Aufgabe virun eis. Vill ass schonn erreecht ginn, mee fir d’Zukunft wëlle mir den Zesummenhalt an der LSAP weider stäerken. Mir wëllen nach méi konkret op eis Basis lauschteren an esou eis Partei vu banne stäerken.

De Kontakt mat de Sektiounen an de Bezierker bleift dofir zentral. Nëmmen zesummen – Partei, Fraktioun, Bezierker a Sektiounen – kënne mir d’LSAP no vir bréngen. Mir lafen hei all ënnert dem selwechte Fändel!

Nächst Joer feiert d’LSAP 125 Joer – e wichtegt Joer fir eis Partei an all Sozialist:in zu Lëtzebuerg. Et muss e staarke Message erausgoen: D’LSAP huet eng grouss Geschicht – an domat och eng grouss Verantwortung fir d’Zukunft mat ze gestalten. Eis elo gestëmmte Grondwäerter vu Fräiheet, Solidaritéit, Gerechtegkeet, Sécherheet, Nohaltegkeet a Fortschrëtt ginn eis hei déi néideg Guidelines!

Et geet ëm vill. Mat Bléck op 2028 an 2029 preparéiere mir eis op wichteg Walen, fir déi mir d’Partei elo inhaltlech an organisatoresch prett maachen.Den interaktive Prozess ronderëm den neie Grondsazprogramm weist, dass déi richteg Weiche gestallt goufen an gëtt eis Hoffnung, Energie a Motivatioun.Et ass de richtege Wee, dee mir konsequent weidergoe mussen – och a Richtung Walprogramm.

Mir sinn iwwerzeegt: Mat Asaz, Teamgeescht a Couragepacke mir dat.
Zesummen.

 

Maxime & Georges.

Facebook
Email
WhatsApp