Et geet em Mënschen, Familljen a Kanner. D’LSAP fuerdert en Ëmdenke vun der Regierung, well eng nohalteg Asyl- a Migratiounspolitik geet net ouni eng konsequent, gutt organiséiert an ambitiéis Integratiounspolitik.
Lëtzebuerg ass traditionell e Migratioun-Asylland. Dat huet et zënter dem 19. Joerhonnert ville Mënschen erlaabt, aus der Nout eraus op Lëtzebuerg ze kommen, fir hei eng Aarbecht oder Sécherheet ze fannen. Dës Leit hunn zënter jee hir zum Räichtum vun eisem Land bäigedroen, net nëmme wat de finanzielle Wuelstand ugeet, mee och wat eis Gesellschaft ausmécht. Dëst ass méiglech duerch eng Integratioun, déi mir an alle Beräicher erliewen, sief et um Aarbechtsmarché, an der Schoul, am Sport, an der Kultur an duerch d’Sprooch. Dat ass et, wat eisem Land den Zesummenhalt ginn huet a gëtt.
Déi Zäite schéngen awer elo eriwwer ze sinn. Déi aktuell Regierung an hiren Inneminister Léon Gloden hunn nämlech decidéiert mat deem Modell ze briechen. Duerch dës nei Migratiounspolitik, déi sech op d’Retentioun an Zeréckschécke konzentréiert, schéngt bal kee méi Wëllkomm ze sinn, ausser e passt an d‘„Talent-Attraction-Strategie“ fir eis Finanzplaz. Duerch eng Rëtsch nei Prozedure kritt eis Migratiounspolitik eng restriktiv Ausriichtung, an där d’Integratioun riskéiert komplett ze verschwannen. Mee eng Migratiounspolitik ouni aktiv Integratiounsmesuren ass eng Politik, déi op engem Ae blann, an op deem aneren Ae kuerzsichteg ass.
Dofir ënnerstëtze mir d’Regierung net, wa si sech an der Ëmsetzung vum EU-Migratiounspakt zum Deel nach méi streng positionéiert ewéi EU-Reegelen et verlaangen. Den EU-Migratiounspakt setzt e Kader mee verflicht net dozou, systematesch déi strengst méiglech Interpretatioun ze wielen. Dat ass eng politesch Decisioun vun dëser Regierung, keng faktuell a juristesch Noutwennegkeet.
Migratiounspolitik muss ëmmer eng Politik sinn, déi sech bewosst ass, datt et em Mënsche geet:
Familljen, Mammen, Pappen, Kanner… Migratiounspolitik mat Sécherheetspolitik ze verknäppen, ass e geféierlecht Spill. Mat den ICE Asätz an den USA gesi mir leider momentan all Dag, wouhinner esou eng Politik féiert.
D’LSAP setzt sech fir eng mënschlech Migratiounspolitik an, déi d’Integratioun fërdert, zum Wuel vu eiser Gesellschaft.
Duerfir fuerdere mir:
Emanzipatioun duerch Aarbecht: e méi einfachen Accès zum Aarbechtsmarché.
- Den Delai fir eng Autorisatioun fir schaffen ze goen ufroen ze kënnen, muss vu
6 Méint op 1 Mount verkierzt ginn mat der Méiglechkeet, selbststänneg ze schaffen. - D’Leit mat engem Flüchtlingsstatut musse sech bei der Adem aschreiwen kënnen.
- Flüchtlinge sollen direkt wa se an d’Land kommen iwwer hir Kompetenze gefrot ginn, fir se geziilt op den Aarbechtsmarché vermëttelen ze kënnen.
- D‘Unerkenne vun den Diplomer muss vereinfacht ginn, zum Beispill duerch praktesch Tester.
Eng aktiv Integratiounspolitik.
- All Demandeur de Protection International soll gratis un de Coursen vum Biergerpakt deelhuelen, ënner anerem un de Sproochecoursen.
- D’berufflech Perspektive solle beim Choix vun der neier Sprooch eng Roll spillen.
- Mir stinn zum europäeschen Asyl- a Migratiounspakt als gemeinsam europäesch Léisung – och wann en an eenzelne Punkte ka kritiséiert ginn. Well et sech ëm e Kompromëss handelt, ass et wichteg, datt en esou ëmgesat gëtt, wéi en um europäeschen Niveau beschloss gouf. Mir gesinn et dofir kritesch, wann d’Regierung bei der Transpositioun méi restriktiv wëll virgoen, wéi d’Direktiv et virgesäit – besonnesch do, wou et ëm de Schutz vu Kanner a Jugendleche geet.
E mënschewierdegen Accueil duerch eng territorial Verantwortung.
- D‘Liewenskonditiounen an d‘Hygiènestandarden an de Flüchtlingsstrukture musse verbessert an duerch eng onofhängeg Autoritéit kontrolléiert ginn.
- Déi iwwerfëllte Strukture vum Office national de l’Accueil (ONA) sinn och d’Resultat vun der Logementskris. Mir brauchen duerfir en obligatoresche Verdeelungsschlëssel fir d’Leit mat Flüchtlingsstatut aus dëse Strukturen op all d’Gemengen am Land ze verdeelen, mat Berücksichtegung vun de jeeweilege Kapazitéiten an existéierende Strukturen. Parallel muss natierlech och zousätzlechen abordabele Wunnraum an de Gemengen entstoen.
- Leit mam Flüchtlingsstatut, déi nach en den ONA Strukture sinn, an déi mussen een Deel vun hirem Akommes als Zort „Loyer“ ofginn, solle kënne staatlech Hëllefe (wéi z.B. „subvention loyer“) kréien.
Migratiounspolitik muss vun Ufank un ausgeluecht ginn, fir Mënschen an Nout ze hëllefen. Duerfir ass eng pro-aktiv Integratiounspolitik absolut noutwenneg. Migratiounspolitik dierf net op Sécherheetsbedenke reduzéiert ginn. Leit, déi aus der Nout an d’Land kommen, dierfen net vu vir eran als Gefor duergestallt ginn – a scho guer net vun der Regierung.
