Wunnen ass bezuelbar!

Wunnen ass onbezuelbar!

Et geet anescht. Et gëtt e bessere Wee!

Wunnen huet sech zu engem existenzielle Problem zu Lëtzebuerg entwéckelt. Ëmmer manner Leit kënne sech eng anstänneg Wunneng leeschten. D’Präisser, esou gutt fir de Kaf wéi fir d’Lounen, sinn esou héich, datt d’Wunne finanzielle Stress fir ganz vill Familljen a Leit bedeit. Net fir näischt ass den Zougang zu abordabelem Wunnen d’Haaptsuerg vu 67 % vun de Lëtzebuerger (Politmonitor RTL/Luxemburger Wort, Juni 2025).

Vun enger Duerchschnëttspai geet den Ament ronn d‘Hallschent fir de Loyer drop, wat d’Pai méi niddreg ass, wat dësen Undeel ëmmer méi grouss gëtt. Duerfir ass d’Wunnen zu engem soziale Brennpunkt ginn, zu enger Fro vun Aarmutsrisiko, vu Chancëgläichheet a vu sozialer Kohäsioun, déi wäit iwwer d’Mëttelschicht erausgeet.

Familljen, déi zu véier an engem Zëmmer liewen; Jonker, déi mussen an d’Ausland plënnere well se sech zu Lëtzebuerg näischt méi leeschte kënnen ass well Lëtzebuerger Alldag.

All dat setzt net nëmmen eis sozial Kohäsioun op d’Spill, mee och d’Attraktivitéit vun eisem esou gelueften „Wirtschaftsstanduert“ – well wee wëll nach op Lëtzebuerg schaffe kommen, wann en et sech net ka leeschten och hei ze wunnen?

Wärend d’Regierung an der Logementskris ganz eesäiteg intervenéiert, andeem Baufirmen a Promoteure Steiervergënschtegunge kréien, fir datt weider gebaut soll ginn, ginn d’Präisser awer weider duerch de Plafond. Zënter 2010 hunn sech d’Wunnpräisser zu Lëtzebuerg méi wéi verduebelt.

Duerfir muss d’Politik agräifen – de Marché eleng reegelt de Problem net, am Géigendeel. Et geet hei ëm eis Zukunft, ëm d’Zukunft vu Lëtzebuerg.

Fir d’Wunnen erëm bezuelbar ze maachen, mécht d’LSAP duerfir 10 Proposen, déi liicht an einfach ze realiséiere sinn.

10 Propose fir ze weisen, datt et och anescht geet. Datt et e bessere Wee gëtt.

ENG WUNNENGSBAUOFFENSIV
fir den abordabele Wunnraum vun elo 2 % op 20 % am Joer 2035 ze erhéijen.
  • Méi séier a méi gënschteg bauen

Duerch geziilte Fërderung vu seriellem Baue kann e Maximum u modernem Wunnraum a kierzter Zäit realiséiert ginn.

  • Virkafsrecht fir d’ëffentlech Hand

Fir d‘Realisatioun vun neie Quartieren oder Siidlunge muss e Virkafsrecht fir ëffentlech Institutiounen an Organisatiounen agefouert ginn.

  • En Emprunt obligataire mat garantéiertem Rendement

Déi néideg Investissementer an den abordabele Wunnraum sollen duerch e garantéierten ëffentlechen Emprunt, dee fir Privatleit steierbegënschtegt ass, finanzéiert ginn.

  • Wunnengsbaukooperative fërderen

Duerch ëffentlechen Investitiounen an net-profit-orientéiert Wunnkooperative sollen alternativ Wunnforme gefërdert ginn.

KEEFER A LOCATAIRË BESSER SCHÜTZEN
fir Abusen ze verhënneren an d‘Vertrauen an de Marché erëm hierzestellen
  • Loyer deelweis vun de Steieren ofsetzen

Nom Modell vun de Scholdzënsen um Immobilieprêt solle Locataire d’Méiglechkeet kréien, en Deel vun hirem Loyer vun de Steieren ofzesetzen.

  • Transparent, gerecht a stabil Loyeren

Eng national Loyerskommissioun soll déi reell Loyeren erfaassen a kontrolléieren, fir datt dës net willkürlech ze héich ugesat oder an d’Luucht gesat ginn.

  • Keefer vu geplangte Wunnenge besser schützen

D’Keefer vu geplangte Wunnengen dierfen net de Kapp duerhalen, fir d’Feeler vum Promoteur oder der Baufirma. Duerch e bessere Rechtsschutz an effizient Schlichtungsverfare solle si besser geschützt ginn.

WUNNEN ASS E GRONDRECHT – SCHLUSS MAT DER IMMOBILIESPEKULATIOUN!
  • Ënnerstëtzung beim Kaf vum Eegenheem

D‘Enregistrementskäschte beim Kaf vum Eegenheem sollen ewech falen an Éischtkeefer musse vu steierlechen Ënnerstëtzunge profitéiere kënnen.

  • Spekulatioun um Bauland stoppen

D’Mobiliséierungssteier op eidelen Terrainen an d’Reform vun der Grondsteier mussen endlech ëmgesat ginn, fir datt et sech net méi lount, Bauland brooch leien ze loossen an drop ze waarden, datt hire Wäert vum selwen an d’Luucht geet.

  • De Leerstand bekämpfen

Mat der Aféierung vun enger Steier op eidel Wunnenge sollen des ganz séier disponibel gemaach ginn, well et sech fir de Proprietär dann net méi lount se eidel stoen ze loossen.

 

Facebook
Email
WhatsApp