Am Kader vum 120-järege Bestoe vun der Schëfflenger LSAP organiséiere mir eis traditionellt Familjefest, den 18. September 2022 ab 11.30 Auer um Parking vun der Hall Polyvalent zu Schëffleng. Fir Spill, Spaass, Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. Kommt also bis Laanscht a feiert mat eis. 😉
LSAP WOOLTZ invitéiert Iech op säi Hierschtfest. Kommt lanscht a verbréngt e schéine Moment zesummen mat ärer Famill an eise Mandatairen. Natierlech ass och fir d'Iessen a Gedrénks iwwert de ganzen Dag gesuergt.
Grousst Familljefest vun der Sektioun Beetebuerg. Animatioun fir Grouss a Kleng, live Musik vun der Huncherénger Musék an Optrëtt vum Diddelenger Folklore. De ganzen Dag gëtt fir Iessen an Drenken gesuergt.
Den Dan Biancalana an d’Diddelenger LSAP-Ekipp komme bei dech: Dan Biancalana et l’équipe du LSAP Dudelange viennent chez toi : Trëppeltour Quartier Italien & Schmelz Ausgangspunkt Schoul Italien Point de départ École Quartier Italie Sonndeg 25. September > 10:30 Auer Dimanche, 25 septembre > 10h30
Sonndes, den 2. Oktober 2022 organiséiert LSAP Sektioun Gemeng Monnerech hiert traditionellt Pasta Iessen am Centre Culturel "beim Nëssert" zu Biergem. An engem flotte Kader kann een sou bei gudder Pasta, eppes ze drénken, Kaffi an Dessert en gemittleche Mëtteg mat der Famill ënner Frënn verbréngen. Un eis Pappen ass fir Pappendag och geduecht. Och d’Kanner kënne vun der grousser Spillplaz […]