Op wéi vill Euro chiffréiert sech de globale Projet vun der Maison de Luxembourg, déi am Kader vun den olympeschen Spiller zu Paräis hir Diere fir de Public opmécht?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

De 26. Juli 2024 ginn zu Paräis déi olympesch Spiller un. An dësem Kader wäert och eng „Maison du Luxembourg“ am Stade Jean Bouin wärend 17 Deeg hier Diere fir de Public opmaachen, ënnert der Konditioun, dass een am Virfeld een Ticket fir 150€ pro Persoun a pro Dag kaaft huet fir dës „VIP Experienz“.

An dësem Kader wéilt ech gäre wëssen:

  • Op wéi vill Euro chiffréiert sech de globale Projet vun der Maison de Luxembourg?
  • Wéi vill Leit ginn sech an der Maison de Luxembourg am Dag erwaart?
  • Kënnen Famill a Frënn vun den Athleten an eventuell och d’Mataarbechter vum Sportsministère an dem COSL vun dëse Gebailechkeete profitéieren, ouni en Ticket ze kafen oder fir e moderéierte Präis?

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz – Deputéiert

Facebook
Twitter