Här Präsident,
sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.
An enger rezenter Äntwert op d’Question parlementaire n°573 huet de Sportminister d’Evolutioun vun de Subside “Qualité +” tëschent 2017 an 2022 detailléiert, an dobäi präziséiert dass et an dëse Joren (ënnert dem viregte Sportminister) eng Hausse vu 85% bei dëse Subside ginn ass.
Dem Rapport annuel vum Sportsministère no, huet sech dëse Subside 2022 op 4.107.900 € belaf, 2023 esou guer op 4.610.900€.
Am Budget pluriannuell 2024 gesäit de Ministère e Käschtepunkt vu 4.000.000€ vir, fir déi nächst 4 Joer, wat manner ass wéi dat wat déi läscht zwee Joer an dëse Subside investéiert ginn ass – och wann et sech em een “Crédit non limitatif et sans distinction d’exercice” dréit.
- Wéi erkläert de Minister d’Diskrepanz tëschent den Zuelen am Budget a sengen Aussoen?
Mat déiwem Respekt,
Liz Braz – Deputéiert