QP n°1022 – Abandon d’animaux

Här Präsident,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau weiderzeleeden.

An der Vakanzenzäit kennt et leider méi oft vir, dass Leit hir Hausdéieren aussetzen. Laut dem Déiereschutzgesetz ass dat ausdrécklech verbueden a mat héije Sanktioune beluecht. Wien en Déier aussetzt riskéiert eng Prisongsstrof vun 8 Deeg bis 3 Joer an / oder zumindest eng Geldstrof vun 251 Euro, déi awer bis op 200.000 Euro ka goen.

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Wier et an den Ae vun der Madamm Ministesch net sënnvoll, méi systematesch Campagnen ze organiséiere fir d’Leit ze informéieren, wat si maache kenne, wann si zäitweileg keen hunn, deen hiert Déier versuergt? Sollt een an sou enger Campagne net och däitlech maachen, dass een eng seriö Strof riskéiert, wann een en Déier aussetzt?
  • Gi systematesch Recherche gemaach, fir d’Proprietaire vun ausgesaten Déieren ze identifizéieren? Wéi oft hunn Déierenasyler et zanter dem Akraafttriede vum Déiereschutzgesetz vun 2018 ausgesaten Déiere mussen ophuelen? Wéi oft koum et an der Zäit zu Plainte géint, respektiv zu Strofe fir Leit, déi en Déier ausgesat hunn?
  • Wéi sinn d’Kapazitéite vun den Déierenasyler, fir ausgesaten Déieren opzehuelen?

 

Mat déiwem Respekt,

Claire Delcourt – Deputéiert

 

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: QP n°1022

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter