QP n°1105 – Taux d’intérêts du prêt étudiant

Här President,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul weiderzeleeden.

Bourssen a Prêten am Kader vun der staatlecher Studiebäihëllef (AideFi) erméiglechen et ville Jonken en Universitéitsstudium ze finanzéieren. De Studenteprêt ass staatlech garantéiert an den Zënssaz ass op maximal 2% fir de Student begrenzt. Et ass virausgesat, datt de Studenteprêt bei enger Bank opgeholl gëtt, déi en entspriechenden Accord mam Staat huet. Aktuell hu fënnef Banken esou e staatlechen Accord.

Mengen Informatiounen no hu rezent eng Rei Betraffener misse feststellen, datt hir Mensualitéite fir d’Zeréckbezuele vum Studenteprêt considerabel gehéicht gi sinn, well den Zënssaz iwwer 2% eropgesat ginn ass.

An deem Kontext wéilt ech der Madamm Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul follgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, datt rezent d’Mensualitéite vu Studenteprêten op en Zënssaz vun iwwer 2% gehéicht goufen? Wa jo, wéi vill Prêten si betraff a wéi eng Banken hunn esou eng net-gesetzeskonform Erhéijung praktizéiert? Wa jo, wéi eng Konsequenzen huet d’Madamm Ministesch wëlles ze zéien?
  • Generell, wéi eng Moossnamen hëlt d’Regierung fir sécherzestellen, datt all d’Modalitéite vum Gesetz iwwert d’Studenteprête respektéiert ginn?
  • Wéi genee gesinn déi praktesch Modalitéiten aus, fir datt de Beneficiaire vum Prêt zu kengem Zäitpunkt Mensualitéite bezuele muss, déi méi wéi déi dem maximalen Zënssaz vun 2% entspriechen?

 

Mat déiwem Respekt,

Mars Di Bartolomeo – Député

 

Pour la réponse, veuillez suivre le lien suivant: QP n°1105

*Si la réponse n’apparaît pas, elle est encore en cours de préparation.

Facebook
Twitter