Den 9. Juli war den ausseruerdentlechen Nationalkongress vun der LSAP en vue vun de Chamberwalen 2023.
De Kongress huet folgend Decisioune geholl:
-De Sacha Pulli gouf mat iwwer 99% zum neie Generaltresorier vun der LSAP gewielt. Hei fannt dir eng Iwwersiicht vum neien Comité exécutif.
-De Walprogramm fir d’Chamberwalen 2023 gouf eestëmmeg ugeholl.
-D’Paulette Lenert gouf mat iwwer 99% zur nationaler Spëtzekandidatin fir d’Chamberwalen 2023 gewielt.