“Digitaliséierung: de Wandel sozialgerecht matgestalten.” – Tribune libre vum Taina Bofferding.

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) zum Thema “Digitaliséierung: de Wandel sozialgerecht matgestalten.” befaasst sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding  mat de Risiken an awer och mat de Chance vun den neisten technologeschen Entwécklungen an der Aarbechtswelt.

Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

Léif Alleguerten,

D‘Digitaliséierung ass dee Begrëff, deen een de Moment, op Schratt + Tratt begéint – esoubal een d‘Zeitung opschléit, Noriichten aus der Politik oder Wirtschaftswelt lauschtert: Mol gëtt Digitaliséierung als Schreckgespenst duergestallt, déi wäert Dausende vun Aarbechtsplaze kaschten, mol als Segen, wëll si d’Liewen an d’Schaffe méi einfach mécht.

D‘Digitaliséierung beaflosst schonns haut eist deeglecht Liewen: digital Verwaltungen, denkent Maschinnen oder Autoen déi selwer fueren si keng utopesch Virstellunge méi aus engem Roman, mä Bestanddeel vun enger Entwécklung, déi voll am Gaangen ass.

Changementer duerch déi technologesch Entwécklung, sinn an der Aarbechtswelt onvermeidbar: nei Aarbechtsplaze wäerten entstoen, anerer wäerten ewech falen. Woubäi dat lescht genannte méi wahrscheinlech wäert sinn, dat wëll ech och net schéi rieden.

Fir iwwert d‘Roll vun der Aarbecht an Zäite vun der Digitaliséirung nozedenken, fannen ech datt grad d‘sozialistesch Partei gefuerdert ass. Wëll d’LSAP war a bleift d’Partei vun den Aarbechter, vun de schaffende Leit. Ugefaangen huet z.B. schonns de sozialistesche Wirtschaftsminister mat sengem Ustouss zu enger Reduktioun vun der Aarbechtszäit. Domadder war ni eng 35-Stonne Woch gemengt, wéi d’DP geduecht huet + esou Diskussioun direkt an hirem Keim wollt erstécke loossen.

Verännerungen an der Aarbechtsorganisatioun + an der Aarbechtsmanéier, wäerte kommen. An et wär paradox, wann duerch nei Technologien, d’Produktivitéit sech allgemeng géif verbesseren an d‘Leit awer net dovunner kéinte profitéieren + z.B. nach ëmmer selwecht vill misste schaffen. Mär däerfen net déi eemoleg Chance verpassen den digitale Wandel sozialgerecht matzegestalten.

Wat heescht dat dann elo konkret?

Ma fir d’LSAP ass z.B. ganz kloer, datt mär keng nei Aarbechtsforme wëllen, wou d’Leit herno net méi richteg sozialverséchert sinn an enger permanenter Precaritéit ausgesat sinn. Besonnesch d’Fro no der sozialer Ofsécherung, am Fall vu Krankheet, Fleeg, Chômage a Pensioun muss gekläert ginn. Awer och z.B. d’Fro vun der permanenter Erreechbarkeet an den Iwwerstonnen an engem sougenannten Homeoffice, wou een zäitweis vun doheem aus schafft.

Mär brauchen aarbechterfrëndlech a flexibel Schaffmodeller, déi hëllefe Famill a Beruff besser openeen ofzestëmmen.

Léif Nolauschterer,

Dëst elo just als e puer Denkustéiss fir Debatt ronderëm Aarbecht an Zäite vun der Digitalisatioun.

Mär hunn als Land eng ganz gutt Ausgangspositioun fir d’Chancë vun der digitaler Revolutioun ze notzen, wëll mär et nämlech fäerdeg bruecht hunn an deene leschte Joerzéngten eis Wirtschaft ze diversifizéieren. Dofir hu mär kee Rifkin gebraucht. Seng Etude ass awer interessant fir Zukunft vun eisem Land.

Dofir solle mär och Existenzängscht eescht huelen, gläichzäiteg awer no de Chance gräifen an de Wandel sozialgerecht matgestalten. Den Zuch fiert an et ass net just gutt datt mär dra setzen, mär sollen a mussen e mat steieren.

Merci fir Är Opmierksamkeet.

 


 

Tribune libre Taina Bofferding – Digitaliséierung – Audio

Facebook
Twitter