“D’LSAP lehnt Zwangssfusioune vu Gemengen of!” Tribune libre vum Cécile Hemmen.

An hirer rezenter fräier Tribüne op RTL an um Radio 100,7  huet sech d’LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen mat deenen vun der CSV proposéierten Zwangsfusiounen vu Gemengen befaasst. Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


LSAP lehnt Zwangssfusioune vu Gemengen of!

 

D’CSV huet viru kuerzem hire Spëtzekandidat fir d’Nationalwahle bestëmmt. Domadder soll also elo schonn, 2 Joer virun de nächste Wahlen de Wahlkampf agelaut ginn. Dat ass kamoud fir di chrëschtlech-sozial Partei, déi léiwer iwwer d’Persoune schwätzt, ewéi iwwer Themen, Problemer oder politesch Dossieren!

Sou ganz laanscht politesch Themen kënnt awer och d’Oppositiounspartei net. A si mécht dat wat se am Beschte kann: de Leit Angscht maachen!

De grousse Sujet am Här Wiseler sengem Plang fir Lëtzebuerg, dat ass den 1,2 Milliounen Awunner Staat. Evidenterweis ass dat e Sujet deen de Leit Angscht mécht. Déi Zuel ass och net aus der Loft gegraff, mee déi Zuel ass d’Resultat vun der Héichrechnung, déi bei konstant héijem an onkontrolléiertem Wuesstem virausgesot gëtt fir eist Land am Joer 2050!

D’Leit veronsécheren, dat ass séier geschitt, mee Äntwerten op déi dote Fro, d’Fro vun der Landesentwécklung, déi bleift eis de Spëtzekandidat schëlleg!

Dat eenzegt Rezept dat hien eis proposéiert ass d’Zuel vun de Gemengen hei am Land ze reduzéieren ! Wéi awer domadder soll d’Awunnerzuel begrenzt ginn, dat bleift e grousst Rätsel.

Virun allem stousse sech vill Leit zu Recht un där Iddi, wëll se bedéngt datt d’Fusiounen de Gemengen opgezwonge ginn ! Der CSV hir al an rëm nei Iddi ass et, e nationale Referendum ze maachen an dem dann z.B. d’Awunner vu Schëffleng, Diddeleng oder aus der Stad, den Awunner vu Buerschent, Mompech oder awer esouguer menger Gemeng Weiler-la-Tour  géife soen op se solle mat hire Nopeschgemengen fusionéieren oder net.

D’LSAP wäert esou Zwangsfusiounen net matmaachen! An eisen Aen musse Gemengefusiounen aus de Gemenge selwer kommen a vun de Bierger matgedroe ginn, an duerfe net vun Uewen erof diktéiert ginn ! De Staat soll hëllefen, och finanziell, esou wéi eisen Inneminister Dan Kersch dat richtegerweis ëmmer betount.

D’Äntwerten op d’Fro vum 1,2 Milliounen Awunnerstaat leien NET an der Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen, d’Äntwerte leien vill méi bei engem neie qualitative Wuesstem amplaz just engem quantitative Wuesstem. D’Änwerte leie bei enger gesonder Landesplanung amplaz enger Entwécklung, déi eis Stroossen, Schoulen an ëffentlech Infrastrukture net packen. D’Äntwerte leien bei enger gudder Liewensqualitéit op alle Plazen am Lëtzebuerger Land.

Dorunner schafft d’LSAP mat all hirer Energie, an de Gemengen, an der Chamber an an der Regierung an dofir ass d’LSAP och nach net am Wahlkampf mee këmmert sech ëm d’Problemer vun haut a vu muer.


Den Audio vum Cécile Hemmen hirer Tribün:

https://hearthis.at/lsaplu-v4/20161024-lsap-cecile-hemmen/SQV/

Facebook
Twitter