“E weidere Schrëtt fir méi Gläichheet a méi Gerechtegkeet tëscht de Geschlechter!” Tribune libre vum Marc Angel a vum Taina Bofferding.

An hirer fräier Tribüne vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) hunn sech d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding a Marc Angel mat den neien gesetzleche Regelungen fir méi Gläichheet a méi Gerechtegkeet tëscht de Geschlechter befaasst. Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

“E weidere Schrëtt fir méi Gläichheet a méi Gerechtegkeet tëscht de Geschlechter!”

Marc Angel:

“Meng Kollegin Taina Bofferding an ech schwätzen haut iwwert e wichtegt Gesetz zur Gläichberechtegung dat mer leschten Donneschden an der Chamber gestëmmt hunn.

Et geet do engersäits ëm d’Aféiere vun enger Quote vun 40% op de Wahllëschten an anerersäits ëm d’festschreiwe vun der “égalité des salaires” am Aarbechtsrecht.

Virgesinn ass, dass Parteie finanziell gestrooft ginn, wann si eng Geschlechterquote vu 40% fir d’Nationalwahlen net anhalen.

Wann mir eis haut hei zu Lëtzebuerg an der Politik ëmkucken, da musse mir nämlech feststellen, dass mir nach wäit vun der politescher Paritéit ewech sinn. Nëmmen 28% vun onsen Deputéierte si Fraen.

Fir des Situatioun ze änneren, si Quoten en wichtegt Hëllefsmëttel.

D’Erfahrungen aus Skandinavien beweisen, dass Quoten en effikasst Mëttel sinn, fir méi Fraen an der Politik ze etabléieren.

Wann Frae bis zu genuch an der Politik sinn, da spille Quoten och net méi wierklech eng Roll.

An enger TNS-Illress Ëmfro, sote 47% vun de befrote Fraen, fir si perséinlech kéim en politescht Engagement NET a Fro.

Ëmgedréint heescht dat awer, dass sech 53% vun de Fraen esou en Engagement duerchaus virstelle kennen.

An awer bleiwen si bis haut an der Politik ënnerrepresentéiert.

Mir gesinn dowéinst d‘Quote schlussendlech och net als diskriminatoresch, well si just hëllefen, eng bis haut bestoend strukturell Diskriminatioun ofzebauen.

Et brauch keen ze fäerten, dass duerch dëst Gesetz e kompetente Mann duerch eng inkompetent Fra ersat gëtt… et ginn nämlech vill a genuch kompetent Fraen !”

Taina Bofferding:

“Ëmmer dann, wann e Mann 1 € verdéngt, sinn et fir eng Fra 92 Cent, wëll F verdéngen an der Moyenne 8% manner wéi Männer. Wa Fraen trotz gläicher Aarbecht manner verdéngen, ass dat net just ongerecht – et ass Onrecht. A genau dowéinst musse mär Loundiskriminéierung stoppen, wëll Frae verdéngen et, 100% ze verdéngen.

Säit 1974 hu mär e Reglement, mä de Problem ass nach ëmmer do. An dofir gëtt elo de Prinzip „gläich Paie fir Fra a Mann“ an d’Aarbechtsrecht ageschriwwen.

Mee garantéiert eng Inscriptioun an de Code du Travail dann automatesch Loungerechtegkeet?

Et ass an 1. Linn eng Stäerkung vun de Rechter vun de Salariéeën. Dem Prinzip gëtt awer esou méi Wichtegkeet zougeschriwwen. Ass deemno och méi kloer a méi visibel.

Bis haut huet e Kontrollmechanismus gefeelt. Dat ännert sech awer elo. An nei ass och, datt e Patron deen sech net drun hält, mat finanzielle Strofe muss rechnen.

Kloer ass awer och, datt mär eng Kombinatioun aus verschiddenen Aktioune brauchen. Dofir sinn och weider Changementer am Programm vun de positiven Aktioune virgesi fir an den Entreprisen e Bewosstsinn fir d’Ëmsetzung vun der Egalitéit vu Fra a Mann ze schafen.

Ofschléissend wëll ech drop hiweisen, datt Verbesserunge bei der Gläichstellung vu Fra a Mann sech net nëmme positiv op d’Ekonomie mä och op déi ganz Gesellschaft géifen auswierken.

Zemools ongerecht Léin spéider och zu ongerechte Pensioune féieren. Suerge mär dofir, datt Fraen net vun engem “Gender Pay Gap” herno an e “Gender Pension Gap falen”.”


Audio Fräi Tribune Marc Angel an Taina Bofferding

Facebook
Twitter