Presserevue: Eis nei Ministeren

Op der Pressekonferenz vun eiser Partei vum 30. November 2021 huet den Yves Cruchten personell Remaniementer am Regierungs- a Fraktiounsgrupp ugekënnegt. Den Dan Kersch, Aarbechts- a Sportminister, souwéi de Romain Schneider, Landwirtschaft- a Sozialminister, hunn hir Demissioun annoncéiert. E Resumé vun der Pressekonferenz fann der um Site vum Radio 100.7.

Dem Dan Kersch säi Ressort gëtt vum deemolege Fraktiounspresident Georges Engel iwwerholl an de Claude Haagen réckelt fir de Romain Schneider an d’Regierung no. Vereedegt goufen déi zwee nei LSAP-Ministeren de 5. Januar 2022 an enger ganz spezieller Assermentatioun, iwwert Videochat, well de Grand-Duc sech mam Corona-Virus infizéiert huet.

D’Ëmbesetzunge vum Personal an der LSAP-Fraktioun souwéi der Regierung kenn der an dësem Artikel vum Wort noliesen.

Eis zwee nei Ministere goufen an der lëtzebuergescher Presse virgestallt an et gouf iwwert hir Missiounen informéiert.

Tageblatt

Als engagéierte Politiker mat vill politescher Erfarung a gudden Iddien, deen ëmmer „vollen Asaz“ liwwert, gëtt de Georges am Tageblatt beschriwwen.

D’Tageblatt schreift iwwert de Claude, dass hien en iwwerzeegten an engagéierten Demokrat mat enger realistescher Approche ass.

D’Lëtzebuerger Land

Den Artikel „Klapp den Engel“, liwwert en detailléierten Iwwerbléck iwwert dem Georges seng Karriär souwéi och ganz intressant perséinlech a privat Ablécker. Den neie Minister gëtt als erfuerene, éiergäizegen a gutt vernetzte Politiker beschriwwen, dee „keng Erausfuerderung scheit“. Ausserdeem soll de Georges grousse Wäert op eng éierlech a zilgeriicht Kommunikatioun sëtzen an och erëm wëllen de Sozialdialog mat de Gewerkschaften a Patronat opwäerten. (d’Lëtzebuerger Land vum 07.01.2022 Säit 6)

Le Quotidien

D’Zeitung Le Quotidien vum 05te Januar liwwert och e knappe Resumé iwwert dem Georges seng politesch Karriär a schreift, dass dem neie Minister virun allem d’Steiergerechtegkeet um Häerze leit, och wann seng 2 Ressorte fir hien de selwechte Stellewäert hunn.

En Iwwerbléck iwwert dem Claude seng politesch Karriär kann een och am Quotidien noliesen. (Le Quotidien vum 05.01.2022 Säit 2)

Laut der Zäitschrëft wäert säi politesche Fokus virun allem op der Ëmsetzung vum PAC souwéi der Aféierung vum „tiers payant généralisé“

L’essentiel

An der Dageszeitung „L’essentiel” gouf et och e klengen Iwwerbléck iwwert dem Georges a Claude hir politesch Karriären.

RTL Radio

De neie Aarbechts- a Sportminister war och schonn als Invité vun der Redaktioun beim RTL gelueden. De Georges huet sech als Politiker presentéiert, deen no bei de Bierger steet an deem Steiergerechtegkeet um Häerze leit.

An dësem RTL-Reportage gesäit een net nëmmen e klengen Interview mam Claude mee och intressant Bildmaterial aus senge fréiere Joren als Politiker a Sportler. Ausserdeem ënnersträicht de Claude, dass him den Ausbau vum Bio-Ubau um Häerze leit.

De Letzeburger Bauer

Och d‘Zeitung De Letzeburger Bauer (07.01.2022, Säit 1) gëtt e knappen Iwwerbléck vum Claude Haagen senger politescher Karriär. D’Wochenzeitung schreift och, dass de neie Minister sech an enger éischter Phase wäert op de nationale Strategieplang vun der europäescher Agrarpolitik wäert konzentréieren. Ausserdeem soll de Kontakt mat den Ëmweltorganisatiounen erëm opgeholl ginn.

Facebook
Twitter