Étienne Schneider: Oppene Bréif un de Claude Wiseler

5. Dezember 2017

Oppene Bréif un de Claude Wiseler

Här Wiseler,

Dir hutt rezent an enger Pressekonferenz behaapt dës DP-LSAP-Déi Gréng Regierung wär eriwwer, an Dir maacht Äre Constat dorunner fest, dass déi verschidde Regierungsparteie lues a lues Positioune bezéien, zu Sujeten déi fir si an der nächster Legislaturperiod wichteg ginn. Wat ass da w.e.g. onnatierlech un dem Ëmstand, dass och 3 Koalitiounsparteien sech 1 Joer virun de nächste Wahlen doriwwer Gedanke maachen, wat no Oktober 2018 soll am Land geschéien?

Den Dan Kersch huet et kierzlech treffend formuléiert: och wann DP, LSAP an déi Gréng eng Regierung forméieren, esou sinn et dach awer 3 verschidde Parteien, mat verschidde Prioritéiten, a verschidden Usiichten! Dir selwer hutt dach ëmmer déi gréisste Problemer domat gehat, dass déi 3 Regierungsparteien ze geschlossen optrieden. Dir hutt dach ëmmer virdru gewarnt, dass et zu engem Lagerwahlkampf kennt, wou déi 3 Regierungsparteie virun de Wahle géifen annoncéieren erëm wëllen zesummen ze regéieren.

Elo, wou et kloer gëtt, dass déi 3 Parteie selbststänneg mat eegenen, kloeren Iddien an dës Wahle wëlle goen, ouni Koalitiounsausso zu kenger Säit hin – de Wieler soll entscheeden – ass et och net gutt.

Heiansdo ass et wierklech schwéier ze verstoen, wat Dir an Är Partei eigentlech wëllt. Dir hutt mech dofir kritiséiert fir weiderhi fir Wuesstem zu Lëtzebuerg anzestoen, Dir sot awer a kengem Wuert firwat d’CSV da steet. Ech sinn, zesumme mat ville concernéierte Regierungskollegen, zanter 2 Joer am Gaang Alternativen zum aktuelle Wuesstemsmodell ze sichen, dat mat Hëllef vum Jeremy Rifkin, ronn 350 Lëtzebuerger Experten, an am Kader vun engem largen ëffentlechen Débat. Mir hunn et fäerdeg bruecht zesummen e Konzept auszeschaffe wéi Lëtzebuerg och weider ka wuessen, ouni all déi negativ Begleiterscheinungen ewéi Stauen, Ëmweltverschmotzung, héich Logementspräisser, etc mussen a Kaf ze huelen (weider Informatiounen op www.tirlux.lu).

Dozou hate mer jo och rezent eng laang Debatt am Parlament, wou vun Ärer Säit leider nëmme Kritik koum, mee keen eenzege konstruktive Virschlag. Dir limitéiert Iech drop de Leit Angscht ze maachen, dass Lëtzebuerg mat deem Wuesstem an 43 Joer, also 2060, vläicht eng Kéier 1 Millioun Awunner zielt. Dir sot dat obschonn Dir wësst, dass laut dem STATEC d’Land och mat Null Wuesstem bis dohinner wäert 1 Millioun Awunner zielen.

Ech perséinlech muss Iech soen, dass ech generell näischt vun esou Laangzäit-Prognosen halen, well se ëmmer nëmme kucke wat déi läscht puer Joer geschitt ass, an dat dann an d’Zukunft extrapoléieren, ewéi wann ni méi eppes géif änneren. All ähnlech Étuden aus de vergaangene 40 Joer hunn sech am Nachhinein als falsch erwisen. Laut dem Calot-Bericht aus de 70er Jore misst Lëtzebuerg haut ausgestuerwe sinn, a laut dem Jean-Claude Juncker senger Rentemauer missten eis Rentekeesen zanter dësem Joer Faillite sinn. Fakt ass, dass se esouvill Reserven hunn ewéi nach ni virdrun an hirer Geschicht.

Dovun ofgesinn, well ech Iech awer och op d’Onkohärenz vun Äre Fuerderungen opmierksam maachen: Dir hutt d’läscht Joer géint d’Steierreform gestëmmt, well Ärer Meenung no d’Steiere fir d’Betriber net genuch erof gesat goufen. Hätte mer dat gemaach wat d’CSV gefrot haat, da wäre mer jo nach méi kompetitiv ginn, an hätten doduerch nach méi Wuesstem ewéi elo schonn. Et kann een net fir manner Wuesstem plädéieren, a gläichzäiteg Mesurë verlaangen déi just de Contraire bewierken…

Mee dovun emol ofgesinn: Dir wësst ganz gutt, dass eise Liewensstandard zu Lëtzebuerg just doduerch esou héich ass, well mer et fäerdeg bréngen, wirtschaftlech méi attraktiv ze sinn ewéi eis Noperen.

Firwat verdéngt ee Schoulmeeschter oder Proff zu Lëtzebuerg dat duebelt oder dräifacht ewéi säi Kolleg an der Belsch oder a Frankräich? Firwat kritt e Polizist oder e Staat- a Gemengebeamten am Allgemengen hei am Land mindestens duebel esou eng héich Pai ewéi an eisen Nopeschlänner? Firwat sinn eis Renten a Pensiounen zwee bis dräimol esou héich ewéi am Ausland? Firwat hunn mir anstänneg Infrastrukture wat eis Schoulen, Spideeler, Stroossen a.s.w. ugeet?

Ouni Wuesstem, oder och mat manner Wuesstem kenne mer deen héije Liewensstandard vun de Lëtzebuerger net oprecht halen. D’Finanz- a Wirtschaftskris vun 2008-2013 huet eis gewise wat en niddrege Wuesstem vun ënner 2% fir eist Land bedeit: An enger eenzeger Legislaturperiod huet déi viregt Regierung d’Staatsschold misse verdräifache fir net ze vill sozial Aschnëtt bei de Bierger mussen ze maachen…

Ouni Wuesstem géifen natierlech eis Logementspräisser falen, mee dann hätte mer ganz schnell en anere Problem: Zéngdausende Leit hätte Prêten op hier Haiser déi méi héich wären ewéi hire Marchéspräis! Se wären de facto Faillite. Fir et kloer ze soen Här Wiseler: Jo, ech stinn och weiderhi fir Wuesstem, nohaltege Wuesstem, an dofir dass mer domat eise Sozialstaat kenne weider garantéieren an ausbauen, dass mer de Bierger weiderhin anstänneg Léin an anstänneg Infrastrukture kenne garantéieren.

Woufir stitt Dir? Bis elo hunn ech vun Iech an Ärer Partei just Wuesstemskritik héieren, mee keng Alternativen. Dir hutt zwar virun engem knappe Joer (de 24.12.2016) um Radio 100,7 gesot et misst een am Fall vu manner Wuesstem d’Rente kierzen, d’Cotisatiounen erop setzen an och de Rentenalter erop setzen. Mee dovun ofgesinn, dass dat weder fir mech, nach fir meng Partei a Fro kennt, wësst der, dass dat guer net géif als Spuermoossnam duer goe wann eise Wuesstem laangfristeg sollt ob beispillsweis 2% limitéiert ginn. Wou géift der dann nach kierze goen, fir Iech de Luxus vu manner Wuesstem leeschten ze kennen?

Ech fir mäin Deel sinn der Meenung dass e responsabele Politiker, zemools een deen den Usproch huet d’Land eng Kéier ze leeden, de Leit net soll Angscht virun hirer Zukunft maachen. Hien soll Léisunge proposéieren, Virschléi maachen, ewéi een d’Zukunft positiv ka gestalten.

D’Digitaliséierung, d’Robotiséierung, déi kënschtlech Intelligenz, si grouss Erausfuerderungen déi op eis duer kommen, mee et sinn och si déi et eis an Zukunft wäerten erlaben anescht ze wuessen, ze wuessen ouni déi bekannten negativ Repercussiounen op eis Ëmwelt. D’Welt dréint weider, mat oder ouni eis, dofir kommt a mir maachen dat wouran mer zu Lëtzebuerg ëmmer gutt waren: d’Zukunft mat Optimismus zesumme gestalten, am Interêt vun eise Bierger a speziell vun deene jonke Leit. Am Interêt och vun engem staarke Sozialstaat an enger Gesellschaft déi zesummen hält.

Dofir stinn ech, Här Wiseler. Woufir stitt Dir?

Étienne Schneider
Vizepremier a Wirtschaftsminister

Facebook
Twitter