Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Assemblée Générale Frisange

31 mars 2022 @ 19:00 - 20:00

d’ LSAP Sektioun vun der Gemeng Fréiseng invitéiert all hir Memberen a Sympathisanten op hir GENERALVERSAMMLUNG 2022 en
Donneschden, den 31. Mäerz 2022 um 19.00 Auer an der Aaler Gemeng zu Fréiseng, 10 an der Lètzebuergerstrooss.
Agenda vum Dag:
1. Begréissung duerch d’ Presidentin Sylvie BONNE
2. Aktivitéitsbericht 2021 vun eisem Sekretär Guy KAUFFMANN
3. Keesebericht 2021 vun eiser Trésorière Fernande MANGEN
4. Bericht vun de Keeserevisoren an “décharge”
5. Diskussionen iwwert d’ Berichter, Ofstèmmung an “décharge” vum Comité
6.Bericht vun eisen Gemengeconseileeën vun der LSAP, BINGEN Guy an
GAFFINET Yves iwwert hier Aarbecht am Gemengerot
7. Wiel vum neie Comité an de Keeserevisoren
8. Eieren vu laangjärege Memberen
9. Verschiddenes a fräi Aussprooch.

D’ Kandidaturen fir de Comité vun der Sektion Fréiseng sinn un den Sekretär KAUFFMANN
Guy, L-5750 Frisange, 14b, Munnereerstrooss, ze richten, per Post oder iwwert Mail lsap.frisange@gmail.com a ginn ugeholl bis Méindes, den 28. Mäerz 2022.

No der Generalversammlung géint 19.30 Auer géife mer lech op e klengen Buffet invitéieren.
2023 si Gemengewalen an d’ Aarbecht um Walprogramm muss sou lues ufänken. Dowéinst soll och dèsen Owend genotzt ginn, fir sech auszetauschen an zesummen mat Dir déi grouss Zich vun eisem Programm festzeleeèn. Dës “Aarbecht” soll wärend dem Buffet gemaach ginn.
Solls Du keng Zäit hunn fir op eis Generalversammlung ze kommen, kanns Du eis och gären Deng Virschléi per E-Mail zoukommen loossen oder einfach uruffen
(BONNE Sylvie 691 41 33 61 oder GAFFINET Yves 691 45 57 39).

An der Hoffnung lech all do ze gesinn, verbleiwe mir mat sozialistesche Gréiss,
De Comité

Détails

Date :
31 mars 2022
Heure :
19:00 - 20:00
Catégorie d’Évènement:

Organisateur

LSAP Gemeng Fréiseng