Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Assemblée Générale JS-Osten

11 juin 2022 @ 18:30 - 19:30

Léif Komerodin,
Léiwe Komerod,

No iwwer zwee Joer Pandemie start d‘JS-Osten mat engem neien Team voll motivéiert duerch. Net just d’Equipe ass nei, mee och eis Aart a Weis fir ze schaffen wëlle mir upassen: eist Zil ass et, an Zukunft méi mat der lokaler Politik ze interagéieren an eis och ze positionéieren; dëst ass natierlech just an enker Zesummenaarbecht mat iech méiglech.
Mee och allgemeng wëlle mir méi mat iech zesumme schaffen an erausfannen, wéi mir d’Sektiounen – och en Vue vun de Gemengewalen – besser ënnerstëtze kënnen. Dofir wëlle mir demnächst mat all Sektioun eng Entrevue organiséieren, fir iech eis nei Iddien ze presentéieren an eis allgemeng och besser kennenzeléieren.

Fir den Ufank wëlle mir dech an deng Sektioun op eis AG invitéieren, déi den 11. Juni 2022 um 18h30 am „Restaurant V8“ zu Jonglënster stattfënnt (méi Informatiounen an der Invitatioun). Mir hoffen dech hei ze gesinn!

Sozialistesch Gréiss a bis geschwënn,
Comité vun der JS-Osten

Détails

Date :
11 juin 2022
Heure :
18:30 - 19:30
Catégorie d’Évènement:

Organisateur

JS-Osten

Lieu

V8
11, Um Lënster Bierg
Junglinster, 6125
+ Google Map