Fräi Tribün vum Claude Haagen: “D’LSAP ass géint CETA, wann hir Fuerderungen net strikt erfëllt ginn….”

A senger fräier Tribüne vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) huet sech den LSAP-Deputéierten a Parteipresident Claude Haagen nach eng Kéier mam Kongress vun der sozialistescher Partei zu CETA an TTIP befaasst. Hei säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.


 

D’LSAP ass géint CETA, wann hir Fuerderungen net strikt erfëllt ginn….

“D’LSAP stëmmt fir CETA”, “D’LSAP schwätzt sech fir de liberale a kapitalisteschen Fräihandel aus”: Dës oder ähnlech Aussoen konnt een an deene lëschten Deeg, am Uschloss un eisen ausseruerdentleche Kongress vum lëschten Dënschden  an de sozialen oder den méi klasseschen Medien liesen oder héieren. Dës Aussoen, déi wuel mol onbewosst, mol ganz bewosst gemaach goufen, stëmmen esou awer net.

Richteg ass, dass d’LSAP op hirem Kongress vum 4. Oktober zwou Resolutiounen am Zesummenhang mat CETA bezéiungsweis mat TTIP mat enger grousser Majoritéit ugeholl huet. An dësen Resolutiounen schwätzen sech d’Sozialisten NET ondifferenzéiert fir déi zwee Freihandelsverträg aus. Villméi gëtt festgehalen, ënnert wéi engen Bedingungen, béid Texter d’Zoustëmmung vun der sozialistescher Partei wäerte kréien. An domadder eben och, ënnert wéi enge Konditiounen, d’LSAP wäert géint CETA an TTIP stëmmen.

Wat CETA ubelaangt – dat Ofkommes, dat am Géigesaatz zu TTIP kuerz viru sengem Ofschloss steet –  esou ass eng vun de Bedingungen vun der LSAP, dass d’Zousatzprotokoller, déi verschidde Punkten am Vertragstext präziséiere sollen, rechtlech musse bannend sinn, se mussen d’Onofhängegkeet an d’Neutralitéit vun de Riichteren vun der geplangten Investitionsgeriichter garantéieren an kloer festschreiwen, dass d’Fonction publique ganz vun allen Liberaliséierungs- a Privatiséierungsverpflichtungen ausgeholl ass an das den sougenannten “Vorsorgeprinzip” vun der EU a Kraaft bleift.

“Wann dës Kritèren net ALL erfëllt sinn, wäert d’LSAP géint dësen Vertrag stëmmen”, war déi ganz kloer Ausso.

Déi ugeschwate Protokoller, déi an enger éischter Versioun e Freiden bekannt goufen, schéngen mam Bléck op d’LSAP-Resolutiounsfuerderungen, an eng gutt Richtung ze goen. Den Text schéngt  esou guer nach an diversen Punkten iwwert dës Fuerderungen eraus ze goen z.B. wat d’Consultatioun vun Gewerkschaften, Wirtschaftsvertrieder an Zivilgesellschaft ubelaangt. Iwwert eis Fuerderungen eraus geet och, dass politesch Entscheedungen um Niveau vun de Regulateuren ausgeschloss ginn, dës ginn och zukënfteg nëmmen op Regierungs- a Parlamentsniveau getraff. Mam zousätzlechen Text gëtt weider all Form vu Sozialdumping nach eng Kéier explizit ausgeschloss. D’Punkten a Saachen Ëmweltschutz an d’Net-Obligatioun fir de Waasserberäich ze privatiséieren ginn ënnerstrach. Et gëtt ausserdem präziséiert, dass déi eenzel Länner och weiderhin hir ëffentlech Servicer kënnen organiséieren ewéi se wëllen.  De Punkt iwwert d’Onofhängegkeet an d’Objektivitéit vun de Riichter gëtt kloer gestallt bzw. méi genau explizéiert. D’Rechtsverbindlëchkeet gëtt doduerger séchergestallt, dass d’Zousatztexter un de CETA dru gehaangen an esou integralen Bestanddeel vum Accord solle ginn.

D’LSAP wäert op Basis vun hirer Resolutioun dës Zousazprotokoller elo kritesch, kontradiktoresch an am Detail préiwen an, le cas échéant, weider punktuell Ännerungen fuerderen. Wann all eisen Virwänn Rechnung gedroen gouf, dann – an nëmmen dann – wäert d’LSAP entspriechend hirer vum Kongress mat ronn 90 Prozent vun den Delegéierten-Stëmmen guttgeheeschten Resolutioun gréng Luucht fir CETA ginn.

Ech soen Iech Merci fir d’Nolauschteren.


Tribune libre Claude Haagen “CETA”

 

 

 

Facebook
Twitter