Franz Fayot: « D’Weltraum-Wirtschaft an d’Erhale vun eisem Planéit si komplementar Objektiver »

Här President, dir Dammen an dir Hären,

Säit mer eist Spacegesetz am Juli 2017 hei an der Chamber gestëmmt hunn, huet sech am Beräich vun de « Space Resources » munches gedoen. 35 Joer nom Lancement vun der success story SES hu mir Lëtzebuerg mat dësem Gesetz definitiv op d’Weltkaart vun de Weltraumtechnologie gesat.

Déi Chancen, déi dier Här Mosar an Är Fraktioun 2017 gesinn hutt an dësem Secteur, sinn am Gaang genotzt ze ginn. Eleng 2018 sinn eis Space Agence an de Wirtschaftsministère vun 120 Betriber oder auslänneschen Acteure kontaktéiert ginn, di interesséiert sinn op Lëtzebuerg ze kommen. Bannent dräi Joer hu sech weider 20 Entreprisen zu Lëtzebuerg niddergelooss di esou ronn 70 Aarbechtsplaze geschaaft hunn. Wann dës Betriber sech esou entwéckele wéi dat geplangt ass, da gi bis Enn 2020 nach eemol 400 Aarbechtsplaze geschaaft. Déi komme bei déi ronn 800 Leit, déi haut schonn am Spacesecteur zu Lëtzebuerg an 50 Betriber schaffen.

Dozou gehéiere Start-ups wéi i-space, di mam Fuerschungszenter LIST zesummeschaffe fir e Spektrometer z’entwéckelen, fir d’Surface vum Mount z’ënnersichen. Di éischt Missioun vun ispace op de Mount ass fir 2020 geplangt. Haut scho beschäftegt ispace 16 Leit zu Lëtzebuerg.

Dozou gehéiert SES, mais och international Acteure wéi Spire Global oder GomSpace di an der Äerdobservatioun matt Nanosatelliten zu de beschten am Secteur gehéieren.

De wirtschaftleche Potenzial vun dësem Secteur ass enorm: eis Luxembourg Space Agency huet mat der ESA a PwC eng Etude iwwer d’chaîne de valeur an der « SpaceResources Industry » gemaacht, déi den 20.12.2018 virgestallt gouf: sie kënnt bis 2045 op e wirtschaftlecht Potenzial (a market revenue) vu ronn 170 Milliarden Euro – eleng fir  Exploratiounsmissiounen. Duerch Notze vu Ressourcen am Weltall (Waasser oder Regolith, dat als Baumaterial oder fir 3D Printer genotz ka ginn), géifen an däer Period ongeféier 135 Milliarden Euro agespuert ginn. An där ganzer Weltraumindustrie solle bis 2045 ronn 1,8 Milliounen Aarbechtsplaze geschaaft ginn.

Et ass och elo schonn e Secteur deen eng héich Croissance huet : tëscht 2005 an 2017 pro Joer em 6,7% gewuess, wat ongeféier duebel sou vill wéi di traditionnell Economie ass. D’New Space economy entwéckelt sech ënnert der Influenz vu falende Präisser fir kleng Satellitten a Lanceuren.

Natierlech ass et och e Secteur à risque: den Echec vu Planetary Resources, wou de Lëtzebuerger Staat 12 Milliounen Euro investéiert hat, beweist dat. Et ass natirlech ze bedaueren dass hei 12 Milliounen Steiergelder an enger Faillite verschwonne sinn. Op där anerer Säit ass dëst allerdéngs e strategeschen Investissement, deen de Lëtzebuerger Staat gemaacht huet fir an deem Secteur Fouss ze faassen. An dat geet net zum Null-Tarif.

Conclusioun :

Et soll ee net de Feeler maachen d’Weltraum-Wirtschaft vun Ufank un als net kompatibel mat dem Erhale vun eisem Planéit ze gesinn. Fir eis sinn dat komplementar Objektiver.

Eisen Investissement an d’New Space economy dierf ganz kloer net op Käschte vun enger resoluter ekologescher Transitioun hei ënnen, um bloe Planéit, goen. Gëschter Owend war de Professer Schellenhuber zu Gaascht hei zu Lëtzebuerg, an hien huet nach eng Kéier androcksvoll gewisen dass et scho véierel no Zwielef ass, an dass d’Haus brennt. Dass mer fossil Energie wéi Kuel am Buede loosse sollen, an Ueleg just nach ganz spuersam benotze sollen. Dass mer op eis Biodiversitéit mussen oppassen, déi eis Äerd resilient vis-à-vis vum CO2 mécht. Wa mer resolut an eng Konversioun vun alen industrielle Sitten investéieren, an d’Efforte vun der R&D op d’Verbesserung vun erneierbaren Energien an neie Materialien zielen, an natirlech ophale fossil Energie ze verbrennen, hale mer d’Erwiermung vum Planéit ënnert den 2° vun de Paräisser Klimaziler.

En anere wichtege Punkt ass deen, dass mer och mussen aktiv matschaffen, fir dass dee nächsten « Outer Space »-Traité, dee jo e neie Kader fir d’Aktivitéiten am Weltall schafe soll an deen ale vun 1967 remplacéiere soll, op d’Allgemengwuel orientéiert ass.

Eist Gesetz schaaft eng juristesch Sécherheet wat d’Proprietéit vu Ressourcen aus dem Weltall ugeet.  Mir mussen och dofir Suergen dass déi Ressourcen der ganzer Mënschheet zu gutt kommen, an net just e puer happy few.

Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.

Facebook
Twitter