Froe ronderëm déi geplangte Sportsarena an de geplangte Sportsmusée.

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

An senger Äntwert vum 16. Januar 2024 op d’Question parlementaire n°108 iwwert d’Sportarena an de Sportsmusée, sot de Minister déi zwee Projete wären net a Fro gestallt. An engem Interview an der Presse vum 8. Februar 2024 seet de Sportminister et géif een urbanistesche Problem bestoen. An sengem rezenten Interview vum 3. Mee 2024, deklaréiert de Sportminister schlussendlech dass, wéinst engem Problem mat enger “zone non aedificandi” nieft enger Autobunn, de Projet vum Sportsmusée géif gebremst ginn.

Dozou wollt ech dem Sportminister follgend Froe stellen :

  • War de Problem mat der « zone non aedificandi » net schonn dem viregte Buergermeeschter vun der Stad Esch bekannt ?
  • Säit wéini ass dëse Problem mat der « zone non aedificandi » gewosst ?
  • Ass duerch dëse Problem och elo de Projet vun der Sportarena a Fro gestallt, dee jo vum Sportsministère finanziell ënnerstëtzt gëtt am Kader vum 5. Joresplang?
  • Wat fir een Impakt huet dat konkret op de Projet vun der Sportarena, wou jo schonn d’Baugeneemegung vum fréieren Escher Buergermeeschter virläit?
  • Wat fir Ännerungen um initiale Projet sinn elo fir d’Sportshal noutwendeg?
  • Wat fir een Impakt huet dat op d’Participatioun vum Staat a wéi héich ass elo konkret des finanziell Participatioun vum Sportsministère?
  • Laut dem Minister senge rezenten Aussoen, ass elo eng alternativ Plaz fir den nationale Sportsmusée fonnt ginn. Wou ass dat?
  • Wéi ass dëse Prozess verlaf? Sinn do och Standuerter an anere Gemengen a Betruecht gezu ginn?
  • Wien ass Bauhär vun deem neie Konzept ?
  • Wien kennt fir déi Fraisen op, déi bis elo an den initiale Projet investéiert gi sinn ?
  • Wéi héich sinn des Fraise Stand haut ?
  • Wann de Staat fir des Fraise sollt opkommen, iwwer wat fir e Budgetsartikel géif dat lafen ?
  • Laut Konventioun tëschent dem Staat an der Gemeng Esch vum 16. Dezember 2021 sollt den initiale Projet vum nationale Sportsmusée ronn 16,5 Mio € (HTVA) kaschten – wéi héich sinn déi geschate Käschte fir deen neie Projet ?
  • Wéini gedenkt de Sportminister, dass den neien nationale Sportsmusée seng Diere kéint opmaachen?

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz – Deputéiert

Facebook
Twitter