“Klimaschutz: eng Fro vu Gerechtegkeet” – Fräi Tribün vum Georges Engel

“Déi ekologesch Transitioun ka nëmme klappe wa se sozial gerecht ass”. Dat ënnersträicht de Georges Engel a senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch). Den LSAP-Deputéierten beschäftegt sech a senger Interventioun mam Projet vum neie Klimagesetz, dee viru kuerzem vum Regierungsrot ugeholl gouf. “D’Politik steet an der Flicht, fir Moossnamen ze ergräifen, déi effikass sinn an eis Emissioune vun Zäregase schrëttweis erofzesetzen. Dofir ass dëst ee Gesetz mat deem mer eise fairen Undeel iwwerhuele fir eise Kanner an Enkelen hier Zukunftschancen ze erhalen.”

Hei dem Georges Engel säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

Klimaschutz: eng Fro vu Gerechtegkeet

 

Lëschte Freiden huet de Regierungsrot e Klimagesetz ugeholl, dat de Kader setzt fir eng ambitiéis Klimaschutzpolitik. De Projet vum Klimagesetz ass e fundamentale Schrëtt fir d’sozial-ekologesch Entwécklung zu Lëtzebuerg an d’Weeër ze leeden. Mam Objektiv fir den CO2-Ausstouss bis 2030 em 55% ze kierze, setzt Lëtzebuerg sëch un d’Spëtzt vun deenen, déi der Wëssenschaft nolauschteren

Domat ass de Grondstee geluecht fir Verännerungen, déi an den Ae vun der LSAP onëmgänglech sinn, wa mer net an deene kommende Joerzéngten nei Ongerechtegkeete wëlle schafen. Et ass dat éischt Klimagesetz, dat eng Sozialklausel enthält. Domat ass eng wichteg Virbedéngung erfëllt, fir dass d’LSAP déi zukünfteg Klimamesuren ënnerstëtzt.

Déi ekologesch Transitioun ka nëmme klappen wa se sozial gerecht ass. Dëst Gesetz gesäit dofir vir dass all klimaschützend Moossnam op hire sozialen Impakt evaluéiert gëtt an duerch soziale Moossname begleet gëtt.

De Klimaschutz ass och eng Fro vu Gerechtegkeet tëschent de Generatiounen. Fir eis Kanner wënsche mir eis ëmmer nëmmen dat Bescht. De Klimawandel kéint deenen Hoffnungen e Stréch duerch d’Rechnung maachen, wa mer net séier handelen.

Et ass fir vill Leit schwéier gräifbar, mä eist Verhale vun haut bestëmmt mat, a wat fir enger Welt eis Kanner spéider liewe wäerten. Fir deen Eenzelen ass den Zesummenhang tëschent eisem Liewensstil an dem Klimawandel, dem Ressourcëverbrauch, der Zerstéierung vum Reebësch, de Konflikter a Mënscherechtsverletzungen op dëser Welt meeschtens net novollzéibar, wann en akafe geet.

An dach muss ee sech jo awer Froe stellen, wann ee fir e puer Euro en T-Shirt ze kafe kritt, deen no dräimol wäschen ewechgehäit gëtt. Wat méi Leit sech Gedanken iwwert hier Konsumgewunnechte maachen, wat besser.

D’Politik steet an der Flicht, fir Moossnamen ze ergräifen, déi effikass sinn an eis Emissioune vun Zäregase schrëttweis erofzesetzen.

Dofir ass dëst ee Gesetz mat deem mer eise fairen Undeel iwwerhuele fir eise Kanner an Enkelen hier Zukunftschancen ze erhalen.

Dat gëtt sécher net einfach a wäert zum Deel Aschränkunge mat sech bréngen. Et kann awer net sinn, dass des Aschränkunge virun allem déi treffen, déi lo schonn am mannste konsuméieren, well se mat all Euro rechne mussen. D’LSAP setzt sech dofir an, dass all Mesure fir de Klimaschutz net nëmmen dono bewäert ginn, wéi vill Emissiounen se aspueren, mä och dono, wat fir en Impakt se ob déi Leit zu Lëtzebuerg hunn, déi manner Suen zur Verfügung hunn. Et gëtt och am räiche Lëtzebuerg vill Leit, déi um Existenzminimum liewen, an déi sech zousätzlech Klimaschutzmesuren net leeschte kennen.

Mär musse Konditioune schafen, déi et alle Leit erméiglechen, bei dëser Transitioun matzemaachen. Leit mat niddregem Akommes brauchen dofir méi Ënnerstëtzung wéi anerer. D’LSAP begréisst et dofir, dass dat neit Klimagesetz e kloren Engagement hëlt net nëmme fir e konsequente Klimaschutz, mä och fir begleedend Sozialmesuren. Et ass ee gréngen Deal mat engem roude Kär, an dat ass och gutt esou.

 


Facebook
Twitter