Konnt sech an Tëschenzäit iwwer e Primmeregimm fir emissiounsfräi Busser, Camion’en an aner grouss Aarbechtsmaschinnen fir Betriber gëeenegt ginn a wéi gesäit dee Regime aus?

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weiderzeleeden.

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°7383 vum 15. Dezember 2022, op d’Ministesch bereet wier, och eng Primm fir emissiounsfräi oder emissiounsaarm Busser, Camion’en an aner grouss Aarbechtsmaschinnen wéi en Bagger anzeféieren, hat d’Ministesch die folgend Äntwert ginn:

“Esou wéi am Accord tëschent der Regierung, der UEL, dem LCGB an der CGFP vun Enn Mäerz 2022 festgehalen, wäert d’Regierung ee Primmeregimm opsetze fir d’Betriber ze ënnerstëtzen hire Fuerpark, notamment bei Camionen oder Bussen, op emissiounsfräi Gefierer ëmzestellen. Aktuell gëtt un enger deementspriechender Etüd geschafft.

Emissiounsfräi Busser ginn haut och schon indirekt gefërdert andeems d’ëffentlech Hand bei Ausschreiwunge verstäerkt oder deelweis exklusiv op emissiounsfräi Busser setzt. Op der Basis vun den Erkenntnisser a Recommandatiounen aus der uewe genannten Etüd, déi am Laf vum 1. Trimester 2023 ofgeschloss wäert sinn, schaffen de Wirtschaftsministère, de Ministère fir Energie a Landesplanung, de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, zesumme mam Finanzministère, zäitno eng Propositioun fir ee Primmeregimm aus“.

  • Ech wollt dofir vum Här Minister wëssen, op dës Etüd an der Teschenzäit virläit an op sech konnt iwwer e Primmeregimm gëeenegt ginn a wéi dee Regime ausgesäit?

Mat déiwem Respekt,

Mars Di Bartolomeo – Deputéierten

Facebook
Twitter