“Kredibilitéit ass essentiell an der Politik” – Eng fräi Tribün vum Georges Engel

A senger fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg) an um Radio 100,7 (Mëttwoch) beschäftegt sech de Georges Engel mat der Erhéijung vum Mindestloun ëm 100 Euro netto – réckwierkend op den 1. Januar.  An der Chamber gëtt nämlech nächst Woch déi 3. a lescht Etapp an dësem Zesummenhang gestëmmt, nämlech eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 0,9 Prozent. “Domadder hu mir dëse wichtege Projet, a manner ewéi 10 Méint no de leschte Wahlen an d’Praxis ëmgesat”, esou den LSAP-Député-Maire.

Hei dem Georges Engel säi Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

Erhéijung vum Mindestloun

Kredibilitéit ass essentiell an der Politik

Léif Leit,

D’LSAP huet virun de Wale gesot, dass si nëmme mat an eng Regierung geet, wann e.a. eng Erhéijung vum Mindestloun vun 100 € netto fir déi Leit déi fir de Mindestloun schaffe ginn, géing geschéien. Ronn 60.000 Leit, an et ginn der ëmmer méi, verdéngen de Mindestloun oder e Salaire, deen no dorunner läit. 57,6 % dovunner, also ronn 34.500 Leit, liewen hei zu Lëtzebuerg.

Dës Woch gëtt elo an der Chamber déi 3. Etappe vun dëser  gestëmmt, nämlech eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 0,9 Prozent. Domadder hu mir dëse wichtege Projet, a manner ewéi 10 Méint no de leschte Wahlen an d’Praxis ëmgesat.
Erhéijung Dës zweet Erhéijung kënnt nämlech zousätzlech bei d’Erhéijung vun 1,1 Prozent dobäi, fir déi d’Chamber schonn am Dezember vum leschte Joer gréng Luucht ginn hat. Zesumme mam „crédit d’impôt salaire social minimum“, dee mam Budgetsgesetz fir 2019 gestëmmt gouf a sech op 70 Euro beleeft, hunn elo all déi Leit, déi de soziale Mindestloun kréien, mindestens 100 Euro netto méi am Portmonni.
An dat ass och gutt esou. D’Käschte vun dëser goufen opgedeelt, ronn 2/3 fir de Staat an 1/3 fir de Patron.

Fir dass déi Salariéeën, déi liicht méi ewéi de qualifizéierte Mindestloun verdéngen awer net ganz vun dëser Erhéijung ausgeschloss ginn, gëtt den ugeschwate Steierkredit linear erofgesat vu 70 op 0 Euro fir Bruttoléin déi pro Mount tëscht 2.500 an 3.000 Euro leien.

Eng Gesellschaft, déi dësen Numm verdéngt, ass eng Gesellschaft déi zesumme bréngt, déi Leit abënnt, a net eng, déi d’Mënschen auserneen dreift. Dozou gehéiert natierlech eng héchstméiglech Liewesqualitéit fir jiddereen. An déi Liewesqualitéit setzt sech aus verschiddene Facteuren zesummen. Zu dëse gehéieren eng gesond Ëmwelt, e séchert Ëmfeld, eng gutt Educatioun oder och nach eng gutt Gesondheetsversuergung. An ee weidere wichtege Facteur ass, ob een dat elo wëll héieren oder net, dee finanziellen.

Et ass méi ewéi bedenklech wann, ewéi d’statistesch Zuelen et beleeën, den Ënnerscheed tëscht Aarm a Räich ëmmer méi grouss gëtt.

Komplett inakzeptabel ass et awer, aus dem mënschlechen an aus dem gesellschaftleche Bléckwénkel, dass d’Aarmut zouhëlt, jo, dass et esouguer Leit gëtt, déi eng Aarbecht hunn an trotzdeem net iwwert d’Ronne kommen. Wann an engem räiche Land ewéi Lëtzebuerg de soziale Mindestloun ënnert der Aarmutsgrenz läit, da leeft iergendeppes ganz gewalteg schif. An ee vun den Hiewele fir hei anzewierken, ass de Mindestloun.

Genau dat ass de Grond firwat d’LSAP an de Koalitiounsverhandlungen d’Erhéijung vum Mindestloun ëm 100 Euro Netto zu enger rouder Linn erkläert huet. Et ass enorm wichteg, och fir d’Selbstwäertgefill vun deene Betraffenen, dass ee ka vu senger Aarbecht liewen an net op staatlech „Almosen“ ugewise muss sinn.

Wichteg ze ënnersträichen ass, dass et déi Erhéijung vun 100 € réckwierkend op den 1.Januar vun dësem Joer gëlt.

Dës Erhéijung vum Mindestloun ass e ganzt konkret Beispill vun effikasser Sozialpolitik. En wichtege Schrëtt am Kampf géint d’Aarmut.
U weidere Schrëtt schaffe mer. D’LSAP ass a bleift d’Partei vun de schaffende Leit.

 

 

 

 

Facebook
Twitter