30|09|2015 [Défense – Questions parlementaires – Santé]
Kritt Lëtzebuerg en Arméispidol? FR
D’Wochenzeitung Paperjam mellt, dass d’Regierung géif iwwert d’Schafung vun engem Arméispidol nodenken.
Ob dës Informatioun stëmmt, wëllen elo d’LSAP-Deputéiert Cécile Hemmen a Marc Angel vun der Gesondheetsministesch a vum Verdeedegungsminister wëssen.
„Wat wieren d’Virdeeler vun esou engem Spidol, wat seng Roll am Lëtzebuerger Gesondheetssystem, wou kéim et hinn a wéi géif et finanzéiert a geréiert ginn?”, froen déi zwee sozialistesch Politiker d’Regierungsmemberen an enger politescher Ufro.
- Où serait-il implanté?