Maxime Miltgen: Gender Planning – Stied fir jiddwereen

Mir huele Stied, wei si geplangt a funktionéieren, gréisstendeels als selbstverständlech wouer. Joerzéngte laang goufe Stied vu Männer fir Männer geplangt an dat an de meeschte Fäll autosgerecht.

Och wann d’Disziplin vum Urbanismus sech selwer als “objektiivt, rationaalt a wëssenschaftlecht Fuerschungsgebitt, am Déngscht vun engem “anonymmen imaginäre Bierger”gesäit, ass dësen anonymme Bierger an der Praxis an de meeschte Fäll en Mann – de weisen, autofuerende Versuerger.

Duerch de Mangel un verschiddene Perspektiven, spillen d’Bedierfnisser vun eelere Mënschen, Foussgänger, Vëlosfuerer an och Frae kaum eng Roll an dat muss sech elo änneren.

D’Liewensqualitéit an enger Stad gëtt wesentlech dovunner bestëmmt wei fräi a souverän d’Mënschen déi do wunnen, schaffen an Zäit verbréngen, sech beweege kënnen ouni sech onsécher ze fillen.

De Genderplanning, deen d’Urbanistin Eva Kail aus der Stad Wien als de Konsumenteschutz vum Urbanismus bezeechent” ass eng urbanistesch Approche, bei der et dorëms geet, sech gezielt verschidde Schong unzedoen an de Bléckwénkel vu verschiddene Gruppe vun NotzerInnen an de Bléck ze huelen, an esou dofir ze suergen dass Stied eng Plaz fir Jidderee ginn.

Niewend symboleschen Aktioune wei Stroossen no Fraen ze benennen, déi Grousses geleescht hunn, beschäftegt sech de Genderplanning haaptsächlech mam Ausbau vum ëffentlechen Transport, séchere Vëlos- a Foussgängerweeër, der gendergerechter Gestaltung vun ëffentleche Plaze wei Parken a Spillplazen a virun allem mat der Sécherheet am urbane Raum.

Och hei zu Lëtzebuerg huet déi ëffentlech Debatt ronderëm d’Sécherheetsfro an de leschte Joren an och erëm an de leschte Wochen extreem zougeholl. Grondsätzlech dréit sech dës Debatt allerdéngs oft ronderëm en Mangel un Policepresenz. Mir als femmes socialistes sinn der Meenung, dass d’Sécherheetsfro net nëmme mat repressive Mëttelen ugaangen dierf ginn, mee virun allem sozial an urbanistesch Aspekter eng vill méi grouss Roll spille mussen.

Mee wei kann ee Stied esou plangen, dass kee méi Angscht muss hunn?

Duerch d’Sozialiséierung, eegen negativ Erfarungen an der Angscht, dass sech dës Erfarunge widderhuele kënnen, hunn Fraen an de meeschte Fäll en méi grousst Onsécherheetsgefill, am ëffentleche Raum, wéi Männer. De Genderplaning gesäit hei d’Léisung fir d’Sécherheet an de Stied an hirer Liewegkeet. Am wesentlechen, geet et dorëms, dass et an de Stied keng doudeg Beräicher ginn.

Fir d’Sécherheetsgefill ze verbesseren, mussen d’Stad sougenannten “sozial Aen” kréien. Fir dat ze erreeche muss niewent enger flächendeckender LED-Beliichtung mat Beweegungmelder, op eng multifunktional Notzung vun de Gebaier gesat ginn. Dat bedeit konkreet, dass gemëschte Strukturen entstinn, also Gebaier déi verschiddenen Zwecker wéi Wunnen, Schaffen, Commerce a Kultur vereenen. Esou ginn Zoufluchtméiglechtkeete vervillfältegt an den Duerchgang an de Quartiere gëtt erhéicht. Weider Moossname betreffen d’Plange vun neie Logementer oder Quartieren, an deem dorop opgepasst gëtt kuerz Weeër ze schaffen, d’Plazen an d’Weeër iwwersiichtlech a Kannerwon-frëndlech ze gestalten a schlussendlech d’Wunnraim op d’Strooss ze orientéieren.

Mam Genderplaning gëtt d’Rad net nei erfonnt, mee et geet drëm verschidde Perspektiven an d’Organisatioun an d’Planung vun de Stied afléissen ze loosse fir, dass den ëffentleche Raum d’Bedierfnisser vun all de Mënschen ofdeckt an, dass sech Männer wei Frae fräi a sécher an de Stied beweege kënnen.

 

Facebook
Twitter