Méi detailléiert Donnéeë zu den individuelle Logementshëllefen am Fall vun Acquisitioun a Locatioun.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an den Här Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung weiderzeleeden.

D’Gesetz vum 7. August 2023 zu den individuellen Logementshëllefen gesäit Hëllefen bei der Acquisitioun a bei der Locatioun fir. Esou si fir d’Acquisitioun d’Prime d’accession à la propriété, d’Prime d’épargne, d’Subvention d’intérêt oder den Accès zur Staatsgarantie virgesinn. Fir d’Locatairen ze ënnerstëtze goufe Mesuren ewéi d’Subvention Loyer oder d’Bäihëllef bei der Mietkautioun reglementéiert.

Wëssend, dass de Wunnengsbau- a Landesplanungsministère all Joer e Rapport publizéiert, géiff ech gär nach e puer weider Informatiounen kréien:

  • Wat sinn déi duerchschnëttlech Delaien fir d’Joeren 2022 an 2023, an deenen déi jeeweileg Demandë fir d‘Logementshëllefen traitéiert gi sinn?
  • Wéi vill vum Budget dee pro Logementshëllef virgesinn war, ass an de Joeren 2022 an 2023 tatsächlech ausbezuelt ginn?
  • Wat ass den Duerchschnëttsalter vun den Demandeure fir déi eenzel Logementshëllefen an de Joeren 2022 an 2023 gewiercht?
  • De Rapport annuel d’activité vum Wunnengs- a Landesplanungsministère 2023 seet eis, dass d’lescht Joer just 20 Staatsgarantien accordéiert gi sinn. 1. Wat sinn d’Grënn fir déi geréng Unzuel un accordéierten Demanden? 2. Denkt de Minister drun, d’Éligibilitéitskrittären fir d‘Staatsgarantie ze kréien weider unzepassen an d’Staatsgarantie esou méi accessibel ze maachen?
  • Déi Persounen, déi eng Prime d’accession à la propriété zougesprach kruten, hunn Usproch op d’Prime compensatoire conjoncturelle fir Immobilië bei deenen den Acte tëschent dem 01.09.2023 an dem 31.12.2024 ënnerschriwwe gëtt. 1. Wéi vill Persounen hunn déi Prime compensatoire conjoncturelle bis elo ugefrot? 2. Wéi vill Persoune kruten déi Prime compensatoire conjoncturelle bis elo accordéiert?D’Montante bei der subvention d’intérêt si momentan op 2,45% gedeckelt.
  • Wéi vill Demandë sinn an de Joren 2022 an 2023 gestallt ginn? A wéi oft si Montanten aus dëse follgende Quartilen accordéiert ginn?
    0,25%-1,00%;
    1,00%-1,5%;
    1,5%-2,00%;
    2,00%-2,45%.
  • Wéi laang war am Joer 2023 den duerchschnëttlechen Delai vum retroaktiven Remboursement vun der TVA beim Kaf vun enger Vente en l’état futur d’achèvement (VEFA)? Wéi ginn dës Delaien gerechtfäerdegt?

 

Mat déiwem Respekt,

Liz Braz – Députéiert

 

 

 

Facebook
Twitter