Francine Closener: “An d’Spuer fannen, fir un d’Ziel ze kommen. D’Orientéierung an der Schoul muss besser ginn!”

 

Transcript

Astronautin, Fussballspiller oder awer Häerzchirurgin? Wat wëlls du gi wann s du grouss bass – a wat hutt dir, déi Erwuessen, fréier gehofft spéider ze maachen? Maacht dir haut wierklech dat wat dir iech eng Kéier virgestallt hat?

D’Dreem vun engem Kand sinn dacks grouss. Spéitstens am Schoulparcours mierken déi meescht allerdéngs, dass den Astronauteberuff e Grëff no de Stären ass. Effektiv huet net jiddereen d’Kompetenzen, d’Disziplin an d’Ausdauer fir de Wee zu sengem Dramberuff konsequent ze goen.

Vill Jugendlecher hunn och guer keng konkret Virstellunge vun der Beruffswelt an deem enorme Choix un Zukunftsberuffer – grad zu Lëtzebuerg. Och d’Elteren hunn do net onbedéngt den Iwwerbléck. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass d’Orientéierung an der Schoul klappt; leider nach ëmmer keng Selbstverständlechkeet. Punkte stinn iwwert allem, schlëmmstefalls gëtt et eng “Orientation par l’échec”.

Als LSAP wëlle mer dass dat ophält! Dofir brauche mer kloer Konzepter, Strukturen a Prozesser. Ugefaange beim Wiessel vun der Grondschoul an de Lycée. Dee mat de gudde Punkten an de Classique, déi aner an de Général – dat ass d’Reegel. Ob een handwierklech begaabt ass oder en Don huet fir d’Naturwëssenschaften, ob een éischter kreativ ass oder sozial, egal, déi Kompetenze ginn nach ëmmer ze wéineg gekuckt. Decisiv sinn d’Resultater an de Sproochen an an der Mathe.

Natierlech wësse vill Kanner mat 12,13 selwer nach net richteg wouranner se wierklech gutt sinn. Dofir muss ee sech froen ob déi éischt Orientéierung, nämlech dee Wiessel an de Lycée, net ze fréi kënnt. Vill aner Länner loosse sech domat 2,3 Joer méi Zäit; Stéchwuert Tronc commun.

Wann een dann awer bis am Secondaire ass, sief et Classique oder Général, dann ass et an eisen Ae kruzial, dass d’Orientéierung ëmmer nees thematiséiert gëtt. An all Schouljoer, net just da wann een eng Sektioun muss wielen oder wann ee bis op 1ière ass.

Méiglechkeeten dat ze maache ginn et der vill:

  • systematesch Presentatioun vun deene verschiddene Beruffer,
  • cibléiert Studentefoiren,
  • Matabezéie vun den Elteren,
  • d’Aféierung vun Tuteuren an hinnen d’Aufgab ginn, zesumme mat de Psychologen d’Stäerkten vun de Kanner eraus ze këddelen,
  • an da virun allem: Stagen – op dat Schnupperstage si vun engem Dag, fir iwwerhaapt emol een Abléck an d’Aarbechtswelt ze kréien oder méi laang Stagen iwwert e puer Wochen, déi och herno fir d’Zensur kéinten eng Roll spillen.

Hei ass awer net nëmmen d’Schoul gefuerdert, och d’Betriber, d’Beruffswelt am Grousse Ganze wier gutt berode sech méi anzebréngen. Et gi genuch Secteure mat grave Penurien. D’Ofhängegkeet vun der main d’oeuvre aus dem Ausland ass bekannt. Dofir muss de Lien tëscht der Orientéierung, der Formatioun an dem Besoin vum Aarbechtsmaart méi e grousst Thema ginn, wat awer net heescht, dass een eng allgemeng Bildung sollt vernoléissegen.

Hei kann d’Maison de l’Orientation, zu engem wichtegen Acteur ginn. Net zulescht mussen déi Jonk awer och online all Informatioune fannen déi se brauchen: zentral, iwwersiichtlech, aktuell an interaktiv.

Et ass näischt Neies dass Jugendlecher sech nu mol dreiwe loossen, sech wéineg Gedanken iwwert hier Zukunft maachen. Duerfir ass et nieft dem Elterenhaus och d’Flicht vun der Schoul se ze guidéieren- Navi ze spille souzesoen, fir dass se dee richtege Wee aschloen an hiert Zil erreechen; an hirem eegenen Interessi an an deem vun eiser Gesellschaft.

Francine Closener, Deputéiert

Facebook
Twitter