“Staark Gemengen als Garant fir eng besser Liewensqualitéit!” – Tribune libre vum Christine Schweich.

An hirer fräier Tribün vun dëser Woch op RTL (Méindeg)  an um Radio 100,7  (Mëttwoch) zum Thema “Staark Gemengen als Garant fir eng besser Liewensqualitéit!” befaasst sech d’Christine Schweich, Monnerecher Buergermeeschtesch a Member vun der LSAP-Exekutiv,  mat der Roll vun de Gemengen als Deel vun der Léisung vu villen aktuellen an zukünftege politeschen a gesellschaftleche Problemer. Hei hire Bäitrag fir nozeliesen an nozelauschteren.

 


 

Staark Gemengen als Garant fir eng besser Liewensqualitéit!

 

D’Welt ronderëm eis verännert sech schnell. Den technesche Fortschrëtt mécht d’Dir grouss op fir nei Méiglechkeeten, déi eis Aarbecht, eisen Alldag an d’Zesummeliewe beaflossen. Zu Lëtzebuerg hu mer doriwwer eraus schonn zanter Joerzéngten eng iwwerduerchschnëttlech Entwécklung vum Aarbechtsmaart a vun eiser Awunnerzuel.

Et ass deemno net verwonnerlech, dass ëmmer méi oft ëffentlech Debatten iwwert de Wuesstem an iwwert d’Entwécklung vum Land gefouert ginn. Mir sti virun enger Rei Erausfuerderungen, déi mer am Gesamtkontext musse kucken.

Vergiess gëtt bei deenen Diskussiounen oft d’Roll vun de Gemengen, déi e wichtegen Deel vun der Léisung vun dëse Problemer kennen a musse sinn.

Et brauch een dobäi nëmmen un de Wunnengsbau ze denken: ee vun deene gréisste Problemer, dee mer am Moment an eisem Land hunn. Et sinn d’Gemengen, déi duerch d’Festleeë vun hire Bebauungspläng doriwwer decidéieren, wou a wéi schnell ka gebaut ginn. Et geet awer net nëmmen drëm, méi Wunnraum ze schafen, mä virun allem dorëm, méi bezuelbare Wunnraum ze schafen. D’Gemengen droen hei eng grouss Verantwortung, well de fräie Marché keng Léisunge bitt. De Staat eleng bréngt et net fäerdeg, deen immense Mangel u Sozialwunnengen, dee mer zanter Joren hunn, auszegläichen. D’LSAP setzt sech dofir an, dass d‘Gemengen hir Responsabilitéit iwwerhuelen a selwer bezuelbare Wunnraum schafen. Wann all Gemeng hire Bäitrag dozou leescht, kréie mer dee Problem bestëmmt schnell an de Grëff.

Firwat dat net haut schonn sou ass, huet vill Grënn. Enner anerem zitt eng volontaristesch Politik beim Wunnengsbau e ganze Rateschwanz un zousätzlechen Aufgaben no sech. Fir méi Awunner brauch ee méi Kapassitéite fir Schoulen, Maison Relaisen, Sport- a Kulturzentren awer och fir d’Infrastrukturen ënnert dem Buedem, oder fir d’Kläranlagen.

Well an Zukunft dee Wuesstem och eng aner Qualitéit soll kréien, kréien d’Gemengen nei Aufgaben am Beräich vun der Energieversuergung a si musse mat neie Servicer sécher stellen, dass all Bierger vun deene neie Méiglechkeete kënne profitéieren, déi sech mat der Digitaliséierung an de neie Forme vu Vernetzung erginn. Gläichzäiteg mussen d’Gemengen dofir suergen, dass Leit, déi mat der Entwécklung net Schrëtt hale kennen, net benodeelegt ginn.

Dat ass eng enorm Responsabilitéit, fir deen eng Gemeng finanziell Moyenen, eng gewëssen Autonomie a virun allem e staarken Engagement vu senge politesche Verantwortleche brauch.

D’Gemengefinanzreform vum LSAP-Inneminister Dan Kersch huet zousätzlech Mëttelen zur Verfügung gestalt, déi et de Gemengen erlaben, déi Erausfuerderungen ze meeschteren. Mir mussen awer villäicht an der Ëffentlechkeet méi däitlech maachen, wéi wichteg den Engagement um lokalen Niveau ass fir weiderhin eng gutt Liewensqualitéit vun de Bierger ze garantéieren an an deene groussen Zukunftsfroe Fortschrëtter kënnen ze maachen.


 

Tribune libre Christine Schweich – Audio

 

Facebook
Twitter