Wéi eng Zukunftschancen am Handwierk?

Här Präsident,

sou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister an un den Här Mëttelstandsminister weiderzeleeden.

Ronn 100 000 Salariéen schaffen aktuell an engen 8000 Betriber am Handwierk zu Lëtzebuerg. Allerdéngs besteet och an dësem Secteur eng Penurie u qualifizéiertem Nowuess. Fir deem entgéint ze wierken huet d’Jonk Handwierk ënnert anerem via de Site handwierk.lu eng Campagne lancéiert fir iwwer déi verschidde Beruffsméiglechkeeten am Artisanat ze informéieren. 9400 Handwierker feelen dem Land aktuell. E Secteur, deen zu Onrecht ënnert engem schlechte Ruff leit.

An deem Zesummenhang wëlle mir dem Här Educatiounsminister an dem Här Mëttelstandsminister dës Froe stellen:

  • No wéi enge Krittären gëtt haut an d’Handwierk orientéiert a ginn et Iwwerleeungen dëst an Zukunft anescht unzegoen?
  • Wéi wëll den Här Minister dem schlechte Ruff vun den handwierkleche Beruffer, deen och an der Schoul zu Onrecht herrscht, entgéint wierken?
  • Gëtt et eng Strategie fir der Penurie, aktuell eng 9400 Aarbechtskräften déi feelen, entgéint ze wierken?
  • Wéi wëll d’Regierung d’Demarche vun enger Opwäertung vun der Ausbildung am Handwierk begleeden?
  • Wéi e Rôle kënnt der Formation professionnelle an dësem Sujet zou? Gesäit den Här Minister hei Verbesserungspotential?

 

Mat déiwem Respekt,

Dan Biancalana                            Francine Closener
Députéierten                                      Deputéiert

 

Facebook
Twitter